BGL Ligue: 2. SpilldagNidderkuer an Diddeleng deele sech d'Punkten

RTL Lëtzebuerg
De Progrès an den F91 hunn 2:2 gespillt. Hueschtert huet beim RM Hamm Benfica mat 6:O gewonnen. Munneref huet Stroossen knapp mat 1:0 geklappt.
© Val Wagner

E Samschdeg war et den Optakt vum 2. Spilldag an der BGL Ligue am Futtball. Mat Hueschtert a Munneref hunn zwou Ekippen och den zweete Match an dëser Saison gewonnen.

Hueschtert huet sech beim RM Hamm Benfica kloer mat 6:0 behaapt. Déi Hueschterter hate vun der éischter Minutt un d’Fiedem an der Hand an hunn d’Ofstëmmungsproblemer vun der Lokalekipp an der Defense äiskal ausgenotzt. D’Resultat hätt duerchaus nach méi héich kéinten ausfalen. Hamm hat um éischte Spilldag schonn héich mat 0:5 verluer.

Eng knapp 1:0-Victoire gouf et fir Munneref zu Stroossen. Den decisive Gol huet de Scanzano an der 9. Minutt geschoss.

En 2:2-Remis gouf et tëscht dem Progrès Nidderkuer an dem F91 Diddeleng. Déi Diddelenger waren an der éischter Hallschent déi besser Ekipp a louchen no Goler vu Sinani a Muratovic verdéngt mat 2:1 a Féierung. De Progrès, dee sech an der éischter Hallschent schwéier gedoen huet a kuerz virun der Paus duerch de Bohnert verkierze konnt, huet no der Paus een anert Gesiicht gewisen. Duerch e méi aggressiivt Spill huet een de Match u sech gerappt an Diddeleng hannendra gedréckt. No 68. Minutten ass dann och de verdéngten 2:2 gefall. Beim Remis sollt et bis zum Schluss bleiwen.

Wolz ka sech no engem 2:0 géint d’Jeunesse iwwert den éischte Succès an dëser Saison freeën.

Keng Problemer hat Déifferdeng, fir sech zu Rouspert déi dräi Punkte mat heem ze huelen. No 90 Minutte stoung et 3:0.

Fir Rodange gouf et eng 0:1-Néierlag géint de Racing.

Den Iwwerbléck vun de Resultater (Replay an Ticker)

Back to Top
CIM LOGO