BGL LigueNidderkuer bleift Leader, Stolz mat véier Goler fir Hesper

RTL Lëtzebuerg
Nidderkuer huet mat engem 4:0 zu Hueschtert näischt ubrenne gelooss, och Hesper wënnt no engem Spektakel vum Dominik Stolz mat véier Goler Ënnerscheed.
De Resumé vum Match Munneref-Wolz
Munneref konnt sech mat 2:0 géint Wolz behaapten.

Am nationale Futtballchampionnat stoung e Sonndeg d’Suite vum 20. Spilldag um Programm. E Freideg hat sech d’Etzella zum Optakt mat 4:0 géint Hamm duerchgesat.

Den Tabelleleader Nidderkuer bleift no enger 4:0-Victoire zu Hueschtert weider Tabelleleader. D’Hueschterter hu laang gutt entgéintgehale an et dem Progrès net einfach gemaach. Kuerz virum Enn vun der éischter Hallschent war et dann awer de Luisi, deen Nidderkuer no engem gelongene Konter mat enger Féierung an d’Paus geschéckt huet. Nom Säitewiessel hat den Tabellenéischten da weider d’Kontroll iwwert de Match an huet duerch d’Goler vum Mazure an Azong den Deckel drop gemaach.

Den direkte Konkurrent Diddeleng huet sech mat 1:0 zu Péiteng duerchgesat. D’Lokalekipp war zwar gutt am Match, konnt sech awer net déi néideg Golchancen erausspillen. Duerch den Hadji ass den F91 dann an der 27. Minutt a Féierung gaangen. D’Péitenger hu sech och nom Säitewiessel engagéiert gewisen, konnte bis zum Schluss awer keng Äntwert méi a Form vun engem Gol fannen.

D’Partie tëscht der Fola a Stroossen ass mat engem 0:0 op en Enn gaangen. No enger serréierter éischter Hallschent huet et och am zweeten Duerchgang un der néideger Prezisioun am leschten Drëttel gefeelt, sou dass sech béid Ekippen um Enn ouni Goler d’Punkten deelen.

Hesper huet mat engem klore 4:0 zu Rouspert de Sprong op déi drëtt Plaz gepackt. An den éischte 45 Minutte huet trotz enger animéierter Partie keng Ekipp de Wee an de Gol fonnt. Nom Säitewiessel haten d’Gäscht vun Hesper dann d’Iwwerhand an hunn duerch véier Goler vum Stolz de Match fir sech entscheet.

Kee Gewënner gouf et och tëscht Racing an der Jeunesse, déi sech mat engem 0:0 getrennt hunn.

An den zwou weidere Partien huet sech Déifferdeng mat 3:0 géint Rodange behaapte a fir Munneref ass et virun den eegene Spectateure eng 2:0-Victoire géint Wolz ginn.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO