BGL LigueNidderkuer deelt 1:1 mat der Fola - F91 gewënnt 3:1

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 19. Spilldag an der BGL Ligue gouf et eng wichteg Victoire fir Rouspert géint Hueschtert. Etzella ass géint Hamm 0:3 ënner d'Rieder komm.
Nidderkuer an d'Fola trenne sech 1:1
An der Spëtzepartie gouf et kee Gewënner.

Fola koum zu Nidderkuer net iwwer een 1:1-Remis eraus. Iwwerdeems konnt den F91 zu Péiteng an Hamm op der Etzella gewannen.

An obwuel Rouspert doheem géint den direkte Konkurrent vun Hueschtert mat 2:0 gewonnen huet, huet den Trainer Pedro Resende säi Récktrëtt ugekënnegt.

LINK: Pedro Resende hält zu Rouspert op

Nidderkuer – Fola 1:1

Een 2-Punkten-Ecart op de Leader Diddeleng – mat dëser Ausgangspositioun ass d’Fola an d’Partie géint de Progrès Nidderkuer gaangen. De Jeff Strasser wollt mat senger Ekipp auswäerts wichteg Punkten ëm den Titel sammelen; Nidderkuer wollt iwwerdeems erëm op eng international Plaz sprangen.

© Jeff Birsens

Deemno hunn déi 1.207 Spectateuren eng ganz animéiert 1. Hallschecht gesinn, an där béid Formatioune gutt Phasen haten. Glécklech ass de Gaascht vun der Fola awer a Féierung gaangen, dat wéi den Hadji an der 37. Spillminutt op 1:0 gesat huet. Dëse Gol hat awer ee batteren No-Goût, well den Escher Stiermer virun der Gol-Aktioun de Ball un den Aarm krut. De Progrès war also am 2. Duerchgang no engem 0:1-Réckstand gefuerdert.

D’Lokalekipp koum gutt vum Téi an huet am 2. Duerchgang och fir déi 1. Golchance gesuergt. Thill, Karapetian a Co. sinn ëmmer nees geféierlech virum Escher Kipper Hym opgedauert, ma schliisslech huet et bis an déi 74. Minutt gedauert, ier de Progrès sech mam Gol vum Etshimi belount huet.

No enger spannender Partie mat Golméiglechkeeten op béide Säiten trenne sech Nidderkuer an d’Fola um Enn mat engem 1:1-Remis.

Ettelbréck – Hamm 0:3

Et huet een, no der Schluecht leschte Mëttwoch an der Coupe de Lëtzebuerg géint Stroossen, op d’Performance vun der Etzella dierfe gespaant sinn. Dem Claude Ottelé seng Formatioun hat 120 Minutten an een Eelefmeter-Schéissen an de Been.

An den éischte 45 Minutten huet een dann d’Efforten aus der Woch bei den Ettelbrécker gesinn. Esou si si direkt an der 5. Spillminutt duerch de Cabral a Réckstand geroden. Och duerno war Hamm déi méi present Ekipp a kuerz virun der Paus huet den Arantes op 2:0 erhéicht.

Am 2. Duerchgang konnt d’Etzella keng Schëpp dropleeën, et war par contre de Gaascht vun Hamm, deen a Persoun vum Mokrani op 3:0 setze konnt. Um Enn steet fir den RM Hamm Benfica eng ganz verdéngten 3:0-Victoire op der Tafel.

Rëmeleng - Déifferdeng 1:2

D’USR wollt doheem géint den FCD03 fir eng Iwwerraschung suergen, schliisslech huet d’Ekipp vum Trainer Loscheider sech nach net opginn a gleeft nach un de Maintien an der BGL Ligue.

© Gilles Carlizzi

Couragéiert hunn déi Rëmelenger och virun 260 Spectateuren ugefaangen a sinn an der 28. Spillminutt duerch de Sahin a Féierung gaangen. D’Äntwert vun Déifferdeng huet net laang op sech waarde gelooss, well de Caron direkt 5 Minutte méi spéit ausgläiche konnt.

Am 2. Duerchgang ass et dem Paolo Amodio senger Ekipp du gelongen, fir de Match ze dréinen. Et war an der 53. Minutt, wéi de Garos eng Flank vum Almeida gutt verwäert huet an esou treffe konnt. Rëmeleng huet dëse Gol natierlech wéigedoen a konnt am weider Verlaf vum Match net méi zeréckkommen.

Racing - Munneref 3:0

5 Punkten aus 5 Matcher: dat ass de Bilan vum Nei-Trainer Frank Defays beim Racing. Et huet also gegollt, fir virun eegene Public géint Munneref een Dräier anzefueren. Munneref wollt sech awer net verstoppen an huet um leschte Spilldag beim 4:1-Succès iwwer Péiteng Blutt geleckt.

Déi ronn 200 Zuschauer goufen am 1. Duerchgang net wierklech verwinnt: spilleresch konnte béid Formatiounen net dat op Terrain bréngen, wat ee vun hinnen hätt kéinten erwaarden. Ma an der 1. Minutt vun der Nospillzäit ass d’Heemekipp awer duerch de Szimayer an den Avantage geroden - ee gudde Coup fir de Racing virum Téi.

© Maya a Robert Straus / RTL.lu

Duerno konnt Munneref den Tempo net erhéijen, mä am Géigendeel: de Racing huet nach een dropgesat, dat an der 47. Minutt duerch den Da Silva Gomes. D’Äntwert vu Munneref koum och am weider Verlaf vun der 2. Hallschecht net.

An der 83. Spillminutt huet dunn den Humbert mat sengem 3:0 den Deckel definitiv op d’Partie geluecht an de Match entscheet.

Péiteng – Diddeleng 1:3

D’Konkurrenz vun den Diddelenger kënnt ëmmer méi no, dofir ass alles anescht wéi eng Victoire fir d’Jongen aus der Forge du Sud net an d’Tut komm. Péiteng hat iwwerdeems eppes guttzemaachen, ware si dach um leschte Spilldag géint Munneref ënner d’Rieder komm.

© Bob Leven

517 Spectateuren hunn am 1. Duerchgang een 2:0 fir den F91 erlieft. Ier de Malget an der 45. Minutt op 2:0 gesat huet, hat de Couturier an der 14. Spillminutt ewell den 1:0 fir dem Dino Topmöller seng Ekipp getraff.

An der 2. Hallschecht war et een Hin an Hier a Péiteng ass et gelongen, an der 88. Minutt zeréck an de Match ze fannen. Dat nodeems de Silaj ee Fräistouss erasetze konnt. Den F91 war wéineg beandrockt an huet e puer Minutten drop mat dem 3:1 geäntwert. De Benzouien huet sech an d’Lëscht vun de Buteuren ageschriwwen.

Den F91 huet an der Nospillzäit den 3:1 markéiert.
Den F91 huet an der Nospillzäit den 3:1 markéiert.
© Yannick Zuidberg

Rouspert – Hueschtert 2:0

Ee ganz spannenden Duell huet sech zu Rouspert um Camping ugekënnegt – hei war nämlech d’Ekipp aus dem Gréngewald op Besuch. Béid Formatioune louche virun dësem Spilldag punktgläich an der Tabell. Hueschtert war allerdéngs wéinst dem méi schlechte Golverhältnis op der Relegatiounsplaz placéiert.

Den 1. Duerchgang war virun allem vu villen Ongenauegkeeten am Spillopbau bei béiden Ekippe gepräägt - ee Gol sollt deemno net falen. Eréischt an der 2. Hallschecht kruten 320 Spectateuren zu Rouspert Goler gebueden. Dat an der 49. Spillminutt, wéi de Weirich seng Faarwen mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Et war dunn och deen nämmlechte Weirich, deen an der 77. Minutt op en Neits treffe konnt.

Mat dëser 2:0-Victoire ka Rouspert wichteg Punkte géint den direkte Konkurrent guttmaachen.

Jeunesse - Stroossen 1:2

Och wa Stroossen an der Woch bei der Etzella aus der Coupe geheit gouf, spillt d’Ekipp vum Nationalkipper Ralph Schon eng flott Serie – aacht Machter ouni Néierlag schwätze fir sech. Mat der Escher Jeunesse huet awer e Sonndeg de Mëtteg eng Formatioun aus den Top-3 vum Lëtzebuerger Futtballchampionnat gewaart.

Zwar goung et mat engem 0:0 an d’Paus, mee hat Stroossen nom ongléckleche Mëttwoch an der Coupe d’Roserei nach am Bauch. Esou konnt de Lourenco d’Una an der 48. Minutt a Féierung schéissen an nëmmen 8 Minutte méi spéit stoung de Jager goldrichteg, fir op 2:0 ze erhéijen.

D’Jeunesse konnt eng Véierelstonn viru Schluss zwar duerch de Menaï den Uschlossgol markéieren, ma fir de Match nach ze dréinen ass et awer net duergaangen.

© Kevin Estebanez

Éierepromotioun

Back to Top
CIM LOGO