Am Déifferdenger Derby setzt sech de Progrès Nidderkuer e Samschdeg mat 2:0 géint den FC Déifferdeng 03 duerch. Et war eng spannungsgelueden éischt Hallschent, an där de Progrès déi besser Chancen hat. An enger Situatioun konnt de Monteiro fir Déifferdeng esou just op der Linn klären. Den FCD huet seng Konteren a seng Standardsituatiounen net clever genuch ausgespillt.
Fir vill Diskussiounen huet eng Zeen aus der 42. Minutt gesuergt, wou den Arbitter ofgepaff huet, woubäi déi Nidderkuerer voll an Aktioun waren an den De Almeida am Uschloss op den eidele Gol geschoss huet. En Déifferdenger Spiller hat sech nämlech bei der Aktioun virdru blesséiert. Duerch dës Decisioun vum Arbitter huet den Nidderkuerer Trainer Jeff Strasser sech ferm opgereegt a krut dofir déi giel Kaart gewisen.
Kuerz nom Téi sollt d’Lokalekipp no enger Virlag vum De Almeida duerch de Bijelic a Féierung goen an hätt kuerz drop den zweete Gol kënne markéieren. Duerno huet et 25 Minutte gedauert, bis Déifferdeng de Match nees stabiliséiert hat a selwer Golchancë kreéiert huet. Déi 1.238 Leit am Stade Jos Haupert hunn an der 88. Minutt nach den 2:0 duerch de Luisi gesinn, woumat de Match decidéiert war.
Hei fannt Dir de Liveticker an de Replay vum Match.
Fir d’Jeunesse gouf et an dëser Saison eng weider Néierlag géint Munneref. E Freideg den Owend huet d’Ekipp vum Pedro Resende, deen d’nächst Saison net méi op der Escher Trainerbänk wäert sëtzen, sech misse mat 0:2 geschloe ginn.
Fir d’Lokalekipp hat de Match denkbar schlecht ugefaangen. Schonn no dräi Minutten hat den Todorovic de Ball onglécklech an den eegene Filet gesat an domadder d’Gäscht mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 33. Minutt war et den Taarimte, deen den 2:0 fir Munneref an domadder fir d’Schlussresultat gesuergt huet.
Hei fannt Dir de Liveticker an de Replay vum Match.
E Samschdeg an e Sonndeg ass et dann d’Suite vum 28. Spilldag. E Sonndeg kéinten Decisiounen an der Course ëm den Titel an och an der Lutte géint den Ofstig falen.