
Dat huet de Veräin um Dënschdeg den Owend matgedeelt. De Resende souz eréischt zanter Enn November op der Grenz op der Bänk. Et bleiwen nach 3 Spilldeeg an der BGL Ligue ze spillen.
Wéi de President vun der Jeunesse Marc Theisen erkläert, hätt de Pedro Resende en neie professionellen a privaten Defi gesicht. Et wier kloer, dass d’Jeunesse engem Trainer, deen eng nei Erausfuerderung sicht, net am Wee stoe géif. D’Trennung hätt keng sportlech Grënn.