
Ma an Dänemark hat d’Ekipp vum Trainer Jeff Strasser net vill zegutt. Midtjylland huet de Ball kontrolléiert a konnt däitlech méi Schëss op de Gol fir sech verbuchen.
An der 38. Minutt sollt dann deen éischte vun dëse Schëss am Nidderkuerer Gol landen. Den Dalsgaard huet no enger Virlag vum Juninho fir seng Faarwe markéiert.
No 59 Minutte war et dann de Kaba, deen de Score, nom Olsson senger Viraarbecht, op 2:0 eropgesat huet.
De Réckmatch zu Déifferdeng gëtt en Donneschdeg den 3. August gespillt.