
An der éischter Partie vum 6. Spilldag tëscht dem Progrès Nidderkuer an der US Hueschtert stoung no 90 intressante Minutten 3-1 fir Nidderkuer.
Scho no 4 Minutten ass d’Lokalekipp mam Toni Luisi virkomm. D’Formatioun aus dem Gréngewald huet direkt probéiert ze reagéieren a konnt an der 18. Minutt mam Léon Schmit den 1-1 schéissen.
Den Toni Luisi stoung an der 45. Minutt nees richteg fir de Progrès fir kuerz virun der Paus den 2-1 ze markéieren viru 636 Spectateuren.
Déi 2. Halbzeit war manner lass. An der 69. Minutt hunn d’Spectateuren eng komesch Aktioun erlieft. Den Arbitter Sergio Rodrigues huet banne 15 Sekonnen 3 Spiller vun Hueschtert giel gewisen wéinst Reklaméieren.
Bis déi lescht Minutt ass et um Progrès spannend bliwwen. An der 90. Minutt huet de Yannick Bastos fir den definitiven 3-1 gesuergt.
De Progrès Nidderkuer ass domadder de provisoreschen Tabelleleader.
Déi weider Matcher vum 6. Spilldag ginn e Samschdeg an e Sonndeg gespillt.