Australian OpenNovak Djokovic kéint Rekord-Grand-Slam-Gewënner ginn

Franky Hippert
D'Nummer 1 an der Weltranglëscht probéiert an den nächsten zwou Wochen, bei den Australian Open säi 25. Grand-Slam-Titel am Eenzel ze gewannen.
© AFP/WILLIAM WEST

Djokovic Grand Slam Rekord / Reportage: Franky Hippert

Domadder hätt den Novak Djokovic eleng dee Rekord, well am Moment hält hien dësen nach mat der fréierer australescher Tennisspillerin Margaret Court. Allebéid hu 24 Grand-Slam-Titelen am Simple an hirem Palmarès stoen. Fir de 36 Joer ale Serb kéint et och deen 11. Titel down under ginn.

Fir de fréiere Lëtzebuerger Tennisprofi Gilles Muller sinn déi Zuelen einfach Wansinn: “Ech mengen en Djokovic deen elo säi 25. Titel uviséiert bei engem Grand-Slam-Tournoi, e Federer an Nadal, déi och iwwer 20 sinn. Dat sinn einfach verréckt Zuelen. Also viru Jore kann ech mech erënneren, wou de Sampras säi 14. Titel gewonnen huet bei engem Grand-Slam, do huet all Mënsch gesot: Oh, fir dat doten ze knacken, gëtt et ganz schwéier. Bon, elo hu mer dann déi Ära duerno, mat dräi Spiller, déi et geknackt hunn. Esouguer net nëmme geknackt, mee et kann een esouguer pulveriséiert soen. Dat ass einfach enorm.”

Déi fréier Nummer 21 an der Tennisweltranglëscht gëtt ze bedenken, wat do fir eng Aarbecht hannendru stécht: “Dat kann ee sech net virstellen. Ech mengen d’Leit gesinn ëmmer nëmmen d’Tëlee, wou dann d’Matcher gespillt ginn. Dann och mat den Night Sessions op den Tournoien an op de Grand-Slammen, wat cool ass, fir d’Fans, wat fir d’Spiller richteg sauer ass. Wann’s de um Wee an d’Finall bass, da spills de zwee-, dräimol an den Night Session an da bass de eréischt moies um 5, 6 Auer am Bett, fir dat dann ze recuperéieren, fir dann nees den Dag drop erëm eng Kéier u seng Grenzen ze goen. Dat ass einfach Wansinn.”

D’Ära Djokovic, Nadal a Federer dierft definitiv schwéier nach eng Kéier ze toppe ginn.

E weideren Rekord deen de Novak Djokovic huet, ass, datt de Serb zanter 400 Wochen d’Nummer 1 am ATP-Ranking ass. Och deen dierft schwiereg ginn, an Zukunft eng Kéier ze briechen.

Back to Top
CIM LOGO