2. BundesligaNürnberg entléisst Keller a geet mat neien Traineren an d'Relegatiounsmatcher

RTL Lëtzebuerg
De Klub huet sech e Méindeg vum Trainer Jens Keller getrennt. De Michael Wiesinger an de Marek Mintal iwwerhuele fir déi 2 lescht Matcher vun der Saison.
© AFP

Zu Nürnberg huet ee kuerz virun de Relegatiounsmatcher, fir net aus der zweeter Bundesliga erauszefalen, eng e bësse speziell Mesure geholl. De Klub huet sech e Méindeg vum Trainer Jens Keller getrennt. Fir déi zwou Partië géint de Barragist aus der drëtter Liga sëtzen elo de Michael Wiesinger an de Marek Mintal op der Trainerbänk.
Bei Paderborn, de Veräin bei deem de Laurent Jans nach bis e Samschdeg gespillt huet, koum um Méindeg d’Nouvelle, datt een trotz dem Ofstig an déi 2. Bundesliga weiderhi mam Trainer Steffen Baumgart wëllt zesumme schaffen.

Back to Top
CIM LOGO