Premier LeagueOch vum nächste Spilldag gi verschidde Matcher verluecht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg sollt Liverpool bei Chelsea a Manchester géint Leeds untrieden. Déi Matcher ginn awer net gespillt.

Grond dofir ass e Manktem u Poliziste wéinst dem Begriefnes vun der Queen, dat mellt d’Premier League e Méindeg. Siwe Matcher wäerten awer gespillt ginn. D’Partie tëscht Brighton a Crystal Palace gouf schonn am Virfeld wéinst engem Streik bei der Bunn verluecht. Obwuel de Streik ofgesot gouf, gëtt de Match awer net gespillt.

De Match tëscht Arsenal bei Brentford gouf zwou Stonne virverluecht a gëtt um 12 Auer Lokalzäit ugepaff.

Dës Decisioune goufen an engem Meeting tëscht de Responsabele vun der Premier League, de Sécherheetsautoritéiten, de Veräiner an anere relevanten Autoritéite geholl. Et gouf keng aner Méiglechkeet, wéi déi dräi Matcher ze verleeën, heescht et vun der Premier League.

Am Ufank vun alle Matcher, déi gespillt gi wärend der Trauerzäit, wäert der Queen geduecht ginn.

Leschte Weekend goufen all d’Matcher an England, Schottland, Nordirland a Wales ofgesot an op e spéideren Datum verluecht. Och de Match vun der Europa League tëscht Arsenal London a PSV Eindhoven en Donneschdeg den Owend gëtt verluecht, well een zu deem Moment net déi gefuerdert Unzuel u Poliziste ka stellen, well d’Queen zu deem Ament schonn zu London opgeboort gëtt.

Back to Top
CIM LOGO