Schi AlpinOdermatt dominéiert de Super G, Shiffrin de Slalom

RTL Lëtzebuerg
No senger zweeter Plaz an der Descente huet de Schwäizer e Freideg de Super G zu Bormio gewonnen.
© AFP

De Marco Odermatt huet e Freideg de Super G op der “Stelvio” zu Bormio dominéiert a mat enger Avance vu bal enger Sekonn gewonnen. Den Éisträicher Raphael Haaser ass deen Zweeten op 0,98 Sekonne ginn. Um Podium stoung nach den Norweger Aleksander Aamodt Kilde. Hien hat e Réckstand vun 1,31 Sekonnen.

Zu Lien an Éisträich huet d’Mikaela Shiffrin de Slalom dominéiert. Schonn am éischte Laf war si eng grouss Avance erausgefuer. Am zweete Laf huet d’US-Amerikanerin hire Virsprong an d’Zil bruecht an huet mat engem Virsprong vun 2,34 Sekonne virum Lena Dürr aus Däitschland gewonnen. Drëtt ass d‘Schwäizerin Michelle Gisin op 2,45 Sekonne ginn.

Back to Top
CIM LOGO