
D’Sportsgeriicht vum DFB huet elo decidéiert, datt de Match elo mat 2:0 fir d’Borussia gewäert gëtt. Méiglech Sanktioune géint de VFL Bochum wäert d’Geriicht vum DFB op engem spéideren Ament decidéieren.
E Freideg gouf de Match an der 70. Minutt ofgebrach, nodeem een Zuschauer e Becher op de Linneriichter Christian Gittelmann gehäit hat. D’Police vu Bochum hat e Verdächtegen ermëttel, deen awer bis ewell keng Ausso dozou gemaach huet.
De VFL Bochum hat eng Widderhuelung vum Match gefuerdert an argumentéiert, datt den Täter säi Béier ganz legal am Stadion kaf huet an datt de Veräin keng Schold un dësem Tëschefall trëfft. D’Argumentatioun vum DFB-Sportsgeriicht dogéint war kloer, datt de Veräin fir d’Verhale vu senge Fans verantwortlech wier.