
An der 2. däitscher Bundesliga huet déi schonn ofgestigen Ekipp vun Aue mam Dirk Carlson an Tim Kips doheem géint Werder Bremen mat 0:3 de Kierzere gezunn. De Carlson huet de Match ugefaangen a krut an der 15. Minutt eng giel Kaart. No 81 Minutten ass de Lëtzebuerger ausgewiesselt ginn, den Tim Kips souz iwwerdeems de ganze Match iwwer op der Bänk.
Am Titel-Playoff vun der éischter Liga an der Belsch gouf et eng batter 0:2-Defaite fir Royale Union St. Gilloise géint den FC Bruges, duerch déi béid Ekippe lo 43 Punkten hunn. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt déi 90 Minutten iwwer am Gol.
Am Titel-Playoff vun der éisträichescher ieweschter Liga huet Austria Wien am Derby géint Rapid Wien 1:1 gläichgespillt. D’Ekipp vum Marvin Martins, deen de ganze Match absolvéiert huet, behält domat weiderhi Chancen op d’Qualifikatioun fir d’Europa League.
An der zweeter türkescher Liga huet Eyüpspor knapps mat 2:3 bei Tuzlaspor verluer. Den Oli Thill war an den éischten 11 an huet an der 51. Minutt eng Virlag ginn, ier de Lëtzebuerger no 82 Minutten ausgewiesselt ginn ass. De Gerson Rodrigues war net am Kader.
Am Ofstigsgrupp vun der zweeter Liga an Dänemark huet Jammerbugt sech misse mat 1:4 bei Vendsyssel geschloe ginn. De Farid Ikene huet de ganze Match gespillt an den Diogo Pimentel gouf an der 83. Minutt fir de Leonel Gomes ausgewiesselt. Den Omar Natami an de Yan Bouché stoungen net am Kader.
A Griicheland konnt Kreta eng weider Victoire géint Asteras Tripolis feieren. 1:0 huet et um Enn fir dem Vahid Selimovic seng Ekipp geheescht, deen allerdéngs net am Kader stoung.
An der MLS an den USA ass New York City doheem net iwwert en 0:0 géint Sporting Kansas City erauskomm. De Maxime Chanot huet op der Bänk ugefaangen a gouf an der 85. Minutt agewiesselt.
An der englescher Championship stoung fir den Danel Sinani mat Huddersfield de leschte Spilldag vun der regulärer Saison um Programm. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller konnt sech mat 2:0 géint Bristol City duerchsetzen a geet als Drëttplacéierten an de Playoff ëm de leschten Ticket fir an d’Premier League opzesteigen. De Sinani gouf no 58. Minutten ausgewiesselt.
An der Bundesliga huet Köln, ouni de Mathias Olesen, den Heemmatch géint Wolfsburg mat 0:1 verluer. Köln hat zwar vill Chancen fir auszegläichen, mee hat net dat néidegt Gléck. Trotz dëser Néierlag huet Köln eng Plaz an der europäescher Kompetitioun fir déi nächst Saison sécher. Nom Schlusspëff koum et am Rhein-Energie-Stadion zu engem Platzsturm duerch e puer honnert Zuschauer.
De Sebastien Thill war beim Match vu Sheriff Tiraspol zu Milsami net am Asaz. Um Schluss geet de Match 1:1 aus. Tiraspol huet de Meeschtertitel duerch e komfortabele Virsprong scho sécher.
Bei der 2:1-Néierlag vu Vilafranquense zu Casa Pia stoung den Eric Veiga am Kader a gouf an der 79. Minutt agewiesselt.
Am Owesmatch tëscht Hertha Berlin a Mainz an der däitscher Bundesliga stoung de Leandro Barreiro an der Startformatioun, gouf awer an der 63. Minutt ausgewiesselt. Um Schluss gewannen d’Mainzer mat 2:1 an halen den Ofstigskampf an der Bundesliga spannend.
De Laurent Jans a Sparta Rotterdam hunn duerch d'2:1-Victoire géint Groningen nei Confiance getankt, fir awer nach an der Erendivisie bleiwen ze kënnen. Si stinn elo op der Relegatiounsplaz bei zwee verbleiwende Matcher.
An der zweeter däitscher Bundesliga huet Sandhausen mam Maurice Deville misste beim FC Paderborn untrieden. Fir béid Ekippe geet et ëm net méi vill, well Sandhausen kann net méi Ofsteigen a Paderborn huet keng Chance méi op den Opstig. An awer konnt de Favoritt sech hei mat 2:0, Muslija an der 27. an Klement an der 60. Minutt, duerchsetzen. De Maurice Deville souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
Am Derby war den ZSKA Sofia mam Enes Mahmutovic doheem géint Slavia Sofia gefuerdert. Fir den ZSKA wieren dräi Punkte wichteg, fir sech déi zweete Plaz an domadder d’Qualifikatioun fir d’Conference League ze sécheren. Domadder ware si och d’Favoritte fir dëse Match an hunn dat och gewisen. No 36 Minutte ware si no zwee Goler vum Yomov an engem vum Cicedo 3:0, den Kirilov huet no 48 Minutten e bësse Kosmetik um Score bedriwwen. Esou wënnt ZSKA dëse Match, bei deenen den Enes Mahmutovic awer net am Kader war, kloer mat 3:1.