
Mainz 05, de Veräin vum Lëtzebuerger Leandro Barreiro, huet et an der 1. Ronn vum DFB-Pokal spannend gemaach. Um Enn Stoung et am 11m-Schéissen 8:7 zu Gonschte vun de Mainzer, am Duell mat dem SV Elversberg. De Lëtzebuerger Barreiro gouf an der 72. Minutt ausgewiesselt.
Am Ukrainesche Championnat gouf et eng 2:1-Victoire fir Dynamo Kiew bei Sorja Luhansk. De Gerson Rodrigues gouf bei de Gäscht an der 69. Minutt ausgewiesselt. Fir Kiew ass et déi 2. Victoire am 2. Match. An engem weidere Match stounge sech e Sonndeg zwee Lëtzebuerger um Terrain géintiwwer. Den Oli Thill huet mat Worskla Poltawa géint Lviv mam Enes Mahmutovic gespillt. Um Enn huet d’Lokalekipp mat 4:1 gewonnen. Den Oli Thill huet ee Gol geschoss an der zwee preparéiert. De Mahmutovic huet de Match bei de Gäscht duerchgespillt a krut an der 68. Minutt eng giel Kaart.
An der MLS an den USA huet New York City mam Maxime Chanot 2:2 beim Toronto FC gläichgespillt. Aktuell steet d’Ekipp vum Lëtzebuerger op der 3. Plaz an der Tabell.
Um 3. Spilldag an der Belscher Pro League, ka sech den Anthony Moris iwwer 3 Punkte freeën, no der 3:0 Victoire géint Beerschot VA. Den Deniz Undaz huet mat senge Goler an der 14. an an der 50. Minutt de Grondsteen fir d’Victoire geluecht. An der 54. Minutt huet de Loïc Lapoussin den 3-0 fir d’Union Saint-Gilloise geschoss.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der héchster Divisioun am belsche Championnat ze kommen.
Am moldawesche Championnat huet Sheriff Tiraspol Dinamo-Auto mat 7:1 iwwerrannt. De Sébastien Thill gouf bei Tiraspol an der 46. Minutt agewiesselt an huet an der 70. Minutt vum Punkt getraff.