
Mam Olivier Ciancanelli iwwerhëlt elo en erfuerene Mann de Poste vum Trainer, dat nodeems den Dinis de Sousa no 17 Championnatsmatcher huet misse Plaz maachen.
De 60 Joer alen Ciancanelli war schonns tëscht 2007 an 2010 an diverse Funktioune beim FC Monnerech aktiv, dat ënnert anerem och als Trainer.