Lëtzebuerger Futtballer am AuslandOlivier Thill a Gerson Rodrigues wiessele bei Eyüpspor an déi 2. tierkesch Liga
RTL Lëtzebuerg
Aus dem Futtball ass et d´Nouvelle, datt esouwuel den Olivier Thill wéi och de Gerson Rodrigues bei Eyüpspor an déi der zweet tierkesch Liga wiesselen.
Dat huet de Veräin e Mëttwoch offiziell matgedeelt. De Gerson Rodrigues an den Olivier Thill konnten duerch eng speziell Reegel vun der Fifa wiesselen, well si bei engem Veräin an der Ukrain ënner Kontrakt stinn.
Reaktioun vum Oli Thill op den Transfert an d'Tierkei
Zesumme mam Gerson Rodrigues wiesselt de Lëtzebuerger Nationalspiller bei Eyüpspor an déi 2. tierkesch Liga.