Aus dem anticken Olympia bis an ItalienOlympesch Fakel zanter e Mëttwoch ënnerwee

Tom Flammang
De Countdown fir déi olympesch Wanterspiller 2026 leeft. Zanter e Mëttwoch ass déi olympesch Fakel ënnerwee.
null
Vum anticken Olympia geet et bis op Athen, an dann an Italien.

Fir eng Woch laang geet de Wee vum anticken Olympia duerch Griicheland bis op Athen. Do kréien déi italieenesch Organisateure vun de Wanterspiller 2026 de 4. Dezember dës dann iwwerreecht. Laang Woche geet et dann duerch Italien, wou am ganzen 10.001 Fakeldréier d’olympescht Feier duerch d’Land droen an de 26. Januar zu Cortina d’Ampezzo ukommen, genee 70 Joer nodeems Erëffnungszeremonie vun de Spiller 1956, op der selwechter Plaz war.

Am San Siro Stadion vu Mailand geet de laange Wee de 6. Februar op en Enn, dat um Dag vun der offizieller Erëffnungszeremonie vun de Spiller.

Back to Top
CIM LOGO