Wéinst der Coronapandemie waren bei der Zeremonie keng Spectateuren erlaabt. D’Damme vun der japanescher Futtball-Nationalekipp hunn d’Fakel um olympeschen Féier, dat zanter engem Joer a Japan ass, awer op enger ganz spezieller Platz ugefaangen, dat zu Fukushima am J-Village Sportkomplex, deen nom Ongléck vun 2011 als Asazzentrum genotzt gi war. 10 Joer no der Äerdbiewen, Tsunami an Atomkatastroph wollt een domat der Welt och weisen, datt ee mam nei Opbau vun der Regioun am gaangen ass.
Ëm déi 10.000 Leeferinnen a Leefer wäerte mat der Fakel duerch déi 47 japanesch Prefekture lafen, ugefaangen op där Plaz, wou d’Katastrophe 20.000 Leit d’Liewe kascht hat. Dausende vu Mënschen hate misste flüchten.
Bei de Spiller selwer sinn dëst Joer keng auslännesch Zuschauer zougelooss. Zu Tokyo gouf et um Mëttwoch mat 420 positive Fäll déi héchsten Zuel an dësem Mount. Japan koum bis elo mat manner wei 9.000 Doudeger par Rapport zu villen anere Länner besser duerch Pandemie.
D’Awunner schwätze sech zum gréissten Deel awer nach ëmmer géint eng Organisatioun vun de Spiller aus.