Alexandra PalaceOptakt vun der Darts-Weltmeeschterschaft

RTL Lëtzebuerg
Vum 15. Dezember bis den 3. Januar dréint sech am Norde vu London nees alles ëm Darts. Gesicht gëtt den Nofollger vum Gerwyn Price.
© FIRO/SID/ AFP (Archiv)

Nodeems bei der Weltmeeschterschaft am leschte Joer quasi keng Spectateuren am “Ally Pally” waren, sollen dëst Joer méi wéi 3.000 Fans an deenen 28 Sessions mat dobäi sinn.

Virschau Darts-Weltmeeschterschaft / Reportage Sam Rickal

Bei der 29. Darts-WM gi 96 Spiller aus 30 Natiounen un den Depart. Déi 32 Bescht aus der Weltranglëscht hunn an der éischter Ronn e Fräilous a sinn esou scho fir déi 2. Ronn qualifizéiert. Ënnert de 96 Participante sinn och ee 16 Joer jonken Däitschen, zwou Fraen an zwou Darts-Legenden.

Bei der WM gi ganzer 2,5 Millioune Pond u Präisgeld ausbezuelt, dovunner ginn ënnert anerem 500.000 Pond un de Weltmeeschter.

Sensationell mat dobäi ass de 16 Joer jonken Däitsche Fabian Schmutzler. De Schüler aus Frankfurt ass deen zweetjéngste Participant vun der WM-Geschicht.

No engem Joer Abstinenz ass d’Fallon Sherrock nees bei der WM um Depart. D’"Queen of the Alexandra Palace” war 2019 déi éischte Fra, déi ee Match am “Ally Pally” gewanne konnt. Fir d’lescht huet d’Englännerin d’Opmierksamkeet op sech gezunn, wéi si beim Grand Slam of Darts 2021 zu Wolverhampton et an d’Véierelsfinalle gepackt huet an als éischt Fra bei engem Major Tournoi een Dräi-Darts-Duerchschnëtt vun 101,55 realiséiert huet.

Niewent dem Fallon Sherrock ass mam Lisa Ashton nach eng weider Fra op der Weltmeeschter mat dobäi.

Och nees fir d’WM qualifizéiert, hu sech de 5-fache Weltmeeschter Raymond van Barneveld an de 66 Joer jonke Paul Lim.

Wie sinn déi grouss Favoritten?

De Gerwyn Price konnt sech bei der leschter WM eng éischte Kéier zum Weltmeeschter kréinen an zielt als Titelverdeedeger natierlech och dëst Joer zum Krees vun de Favoritten.

Als Nummer 2 vun der Welt gehéiert de Peter Wright och zu de Favoritten. Den “Snakebite” konnt d’Generalprouf, d’Players Championship Finals, Enn November fir sech entscheeden an ass domat och an enger gudder Verfassung.

E weidere Kandidat op den Titel ass de Michael van Gerwen. Mam Hollänner an 3-fache Weltmeeschter, deen déi éischte Kéier zanter 8 Joer net als Nummer 1 op London reest, ass wéi all Joer ze rechnen.

Opzepasse gëllt et awer och op den Jonny Clayton. D’Nummer 8 vun der Welt konnt dëst Joer d’Masters, d’Premier League, de World Grand Prix an d’World Series gewannen.

Ee Spiller, deen een ni ënnerschätzen däerf, ass de Gary Anderson. Obwuel de Weltmeeschter vun 2015 an 2016 dëst Joer net seng beschte Saison gespillt huet, ass hien ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt.

Aussesäiterchancen hunn den James Wade, den Dimitri Van den Bergh, de José de Sousa, de Michael Smith, den Nathan Aspinall an de Rob Cross.

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Back to Top
CIM LOGO