Lëtzebuerger Sportler am AuslandOptaktvictoire fir de Kamil Rychlicki mat Lube Civitanova

RTL Lëtzebuerg
Och de Chris Zuidberg mat Waremme an d'Magalie Meynadier mat XCYDE Angels konnte sech um Sonndeg iwwert Victoirë mat hiren Ekippe freeën.
© RTL Archiv

Am italienesche Volleyball-Championnat huet Lube Civitanova mam Lëtzebuerger Nationalspiller Kamil Rychlicki säin éischte Match vun der Saison mat 3:0 géint Piacenza gewonnen. Hien huet 5 Punkten zu der Victoire bäigedroen.

Am Volleyball huet Waremme am belsche Championnat mam Lëtzebuerger Chris Zuidberg mat 2:3 géint Prefaix Menen verluer. Den Nationalspiller huet e ganz gudde Match gemaach an insgesamt 13 Punkte markéiert. Och an der Defense war op hie verlooss. 3 vun am ganzen 7 Blocks vu senger Ekipp ginn op de Kont vum Chris Zuidberg.

Um 5. Spilldag an der Däitscher Damme Bundesliga am Basket huet d’Magalie Meynadier mat XCYDE Angels 101:90 géint Eisvögel USC Freiburg gewonnen. D’Lëtzebuergerin stoung 34. Minutte um Terrain a konnt 15 Punkte fir sech verbuchen.

Back to Top
CIM LOGO