
Ongewéinlech Ëmstänn fuerderen aussergewéinlech Moossnamen. Op de Businessrun am September gelaf gëtt oder net, steet nach an de Stären. Ma déi Responsabel hu sech Gedanken gemaach, wéi een an dëser schwiereger Zäit sech oflenken a fit bleiwe kann. Lafen ass do et gutt Mëttel. Mam "Virtual Run" gëtt een, ouni a Kontakt mat aneren Persounen ze kommen, deel vun enger grousser Beweegung. Egal op doheem um Lafband oder eleng am Bësch, kann een déi 5,5 Kilometer Distanz lafen an tracken. Well Sport a Beweegung hält Fit!
Vun elo un bis e Sonndeg, den 22. Mäerz kann sech all Intresséierten um Internetsite vum Businessrun ouni Fraisen fir de virtuelle Laf registréieren. Iwwer Laf-Apps oder Tracking Modullen kann de Leefer säi Laf noweisen, eroplueden a kritt um Enn och e Certificat per E-Mail geschéckt.
Am Joer 2019 waren 40.000 Participanten aus 2.500 Entreprisen am Saarland, Rheinland-Pfalz, Baden-Württemberg, Bayern oder Lëtzebuerg um Depart. Et kann e gespaant sinn, wéi vill Leefer de virtuellen Laf mobiliséiert.
