Internationale FuttballOrigi séchert de Reds déi 3 Punkten

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 37. Spilldag sinn d'Spurs net iwwer eng 0:1-Defaite bei Bournemouth erauskomm. A Spuenien hu Barcelona an Atletico eng op den Deckel kritt.
© afp

Schonn e Freideg den Owend waren uechter Europa eng Rëtsch Matcher an och an der Bundesliga gouf e Samschdeg de Mëtteg gespillt. Hei den Iwwerbléck dovun.

LINK: INTERNATIONALE FUTTBALL: Mainz a Leipzig spille gläich, kee Gewënner am Turin-DerbyLINK: Dortmund gëtt 2:0-Féierung aus der Hand a spillt gläich

Premier League

Bournemouth - Tottenham 1:0

D’Spurs hunn an der Partie auswäerts géint Bournemouth Nerve gewisen. Direkt zwee Spiller hunn déi rout Kaart gesinn, wat um Enn zu enger 0:1-Defaite fir den Champions League Halleffinalist gefouert huet. An der 43. Spillminutt huet de Südkoreaner Son fir d’éischt an an der 48. Minutt de Foyth eng weider rout Kaart gesinn.

De Gol fir d’Lokalformatioun ass an der 1. Minutt vun der Nospillzäit gefall a gouf vum Aké geschoss.

Den Aké mam entscheedende Gol.
Den Aké mam entscheedende Gol.
© afp

West Ham - Southampton 3:0

D’Lokalekipp ass an der 16. Spillminutt duerch den Arnautovic a Féierung gaangen an domat hat den Éisträicher schonns d’Richtung an dësem Match virginn, well West Ham huet am weidere Verlaf vun der Partie net nogelooss.

© afp (Archivbild)

Ronn 20 Minutte viru Schluss huet den Éisträicher nämlech nach een drop gesat an domat säin 2. perséinleche Gol vum Dag geschoss. 3 Minutte méi spéit huet dunn nach de Fredericks mam 3:0 den Deckel op de Match gesat.

Newcastle - Liverpool 3:2

An der Owespartie konnt Liverpool zu Newcastle mat enger 3:2-Victoire am Kampf ëm de Championstitel virleeën - Man City spillt e Sonndeg. Fréi sinn d’Reds duerch de Van Dijk mat 1:0 an den Avantage geroden, Newacastle konnt awer relativ séier äntweren, dat no 20 Minutten a Persoun vum Atsu. Kuerz virun der hallwer Stonn war et den Ägypter Mo Salah, deen d’Ekipp vum Jürgen Klopp op en Neits a Féierung brénge konnt - 2:1 an der Paus!

Dee bessere Start an déi 2. Hallschecht hat hunn awer d’Heemekipp. Hir ass duerch de Rondon den 2:2-Ausgläich gelongen, ma Liverpool hat awer nach Kären am Tank. De Belsche Stiermer Origi huet nämlech an der 86. Spillminutt fir den 3:2 an domat fir d’Auswäertsvictoire fir d’Reds gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

PSG - Nice 1:1

D’Ufanksphas goung kloer un de Favorit vu Paräis, ma de Gaascht vun Nice ass awer am 1. Duerchgang ëmmer besser an de Match komm. Direkt no der Paus konnt sech d’Formatioun aus dem Süde vu Frankräich du belounen, dat wéi de Ganago seng Faarwe mat 1:0 a Féierung bruecht huet.

Am 2. Duerchgang huet eng Reaktioun vum PSG misse kommen an déi koum och, awer glécklech. Op der Stonn huet den Neymar ee Penalty verwandelt a seng Ekipp domat nees an de Match bruecht. An der Nospillzäit vum Match ass et dunn héich hiergaangen.

Den Edison Cavani krut an der Nospillzäit een Eelefter net verwandelt.
Den Edison Cavani krut an der Nospillzäit een Eelefter net verwandelt.
© afp

PSG krut nämlech ee weideren Eelefter zougeschriwwen an dës Kéier huet de Brasilianesche Superstar dem Cavani de Schoss iwwerlooss. Ma den Uruguayer huet aus 11 Meter awer net getraff, soudatt et beim 1:1 bliwwen ass.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Espanyol - Atl. Madrid 3:0

De Rimm läit beim Atletico vu Madrid no der sécherer 2. Plaz an der Tabell definitiv erof. Zu Barcelona krut d’Ekipp ronderëm de Griezmann eng zolidd op den Deckel.

An der 1. Minutt vun der Nospillzäit vum 1. Duerchgang huet de Godin ee Selbstgol geschoss. Just e puer Minutten nom Téi konnt de Borja Iglesias dunn och 2:0 fir seng Faarwen erhéijen. Fir d’Colchoneros koum et an der 89. Spillminutt nach méi déck, dat wéi de Borja Iglesias no engem Eelefter op 3:0 gestallt huet.

Celta Vigo - Barcelona 2:0

Een Iwwerraschend Resultat hunn ronn 23 Dausend Spectateuren am Balaidos Stadion zu Vigo erlieft. Stoung et no den éischte 45 Minutten nach 0:0, esou konnt d’Ekipp vum Trainer Fran Escriba an der 2. Hallschecht fir eng Iwwerraschung suergen.

De Fransous Ousmane Dembélé huet den Terrain misse wéinst enger Blessur fréizäiteg verloossen.
De Fransous Ousmane Dembélé huet den Terrain misse wéinst enger Blessur fréizäiteg verloossen.
© afp

67 Minutte waren deemno gespillt, wéi de Maxi Gomez den Underdog a Féierung geschoss huet. Kuerz virum Enn vum Match konnt d’Lokalekipp souguer nach een drop setzen, dat wéi den Iago Aspas een Eelefter an de Filet versenkt huet.

Barca, déi jo well Champion sinn, huet virum Réckmatch géint Liverpool eng onangenehm Defaite missen astiechen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Udinese - Inter 0:0

Inter ass auswäerts zu Udinese net iwwer een 0:0-Remis erauskomm.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO