Bundesliga - 32. SpilldagDortmund gëtt 2:0-Féierung aus der Hand a spillt gläich

RTL Lëtzebuerg
De Rekordmeeschter wënnt doheem géint Hannover, Gladbach an Hoffenheim deelen d'Punkten, Hertha klappt Stuttgart an Nürnberg verléiert géint Wolfsburg.
© afp (Archivbild)

Werder Bremen – Borussia Dortmund 2:2

De Gaascht vun Dortmund war vun der éischter Minutt un direkt am Match an huet déi Werderaner um falsche Fouss erwëscht. Mat héijem Tempo hu si flotte Futtball no vir gespillt a sech direkt an der 6. Minutt belount. Et war de Pulisic, dee quasi déi komplett Bremer Ofwier stoe gelooss an de Ball propper nom Dribbling versenkt huet.

Bremen war geschockt an huet weider Golméiglechkeete fir de BVB zougelooss, ma eréischt an der 41. Minutt konnt Schwaarz-Giel op en Neits markéieren. Déi Kéier war et den Alacacer, dee mat engem herrleche Fräistouss dem Bremer Kipper keng Chance geloosse huet. Et goung also mat engem 2:0 no 45 Minutten an d’Kabinnen.

Duerno war Dortmund nach ëmmer um Drécker a konnt d’Partie geréiert - bis an déi 70. Minutt. Do war et no engem Schoss vum Möhwald, wéi de Bürki am Dortmunder Gol ee Lapsus hat an dat ronnt Lieder tëscht de Been erduerch an de Filet geflunn ass. Dat huet der Heemekipp Opdriff ginn an nëmme 5 Minutte méi spéit konnt si den 2:2 markéieren. Bei där Aktioun huet den BVB-Defenseur Akanji guer net gutt ausgesinn an den ‘Oldie’ Claudio Pizzaro huet doropshi Merci gesot an de Ball am Filet versenkt.

Um Enn huet de BVB deemno eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn a just 2:2 gläich gespillt. Domat huet Bayern München elo eng Avance op Dortmund vu 4 Punkte bei nach zwou Partien, déi ze spille bleiwen.

Bayern München – Hannover 3:1

No dem iwwerraschenden 1:1-Remis vum FCB um leschte Spilldag zu Nürnberg stoungen déi Münchener doheem géint Hannover ënner Drock. Ee weidere Faux-pas an der Lutte ëm den Titel hu sech d’Bayern net dierfe leeschten. Hannover wollt iwwerdeems als Underdog dem Favorit ee Bee stellen, dëse Plang ass awer relativ séier op d’Kopp geheit ginn, dat wéi de Lewandowski an der 27. Spillminutt de Rekordmeeschter an den Avantage bruecht huet.

Am weidere Verlaf vum Match haten d’Bayern weider Chancen op ee Gol, ma réischt 5 Minutte virum Téi sollt et op en Neits rabbelen. No engem Assist vum Coman huet de Goretzka äiskal op 2:0 gesat, wat och de Score an der Paus war.

© afp

Kuerz nom Téi ass de Jonathas zum trageschen Held avancéiert. Dat wéi de Stiermer vun Hannover an der 52. Minutt op Penalty hin den 1:2-Uschlosstreffer geschoss an nëmme 3 Minutte méi spéit déi giel-rout Kaart gesinn huet. Dat huet seng Ekipp natierlech geschwächt an de Bayern an d’Kaarte gespillt.

Den FCB war weider iwwerleeën, huet awer missen op d’Hannoveraner oppassen, well si ëmmer nees Aktiounen no vir gestart hunn - an dat zu 10 Mann.

An der 82. Spillminutt huet de Ribéry dunn awer mat dem 3:1 fir d’Entscheedung an dësem Match gesuergt an domat d’Plaz ënnendra vun Hannover zementéiert.

© afp

Gladbach – Hoffenheim 2:2

Béid Ekippen waren um leschte Spilldag net erfollegräich an hunn eng Defaite missen astiechen. Deemno ware se haut gefuerdert, schliisslech wëllen déi zwou Formatiounen déi nächst Saison europäesch spillen. Ma no den éischte 45 Minutte huet et guer net gutt fir d’Fohlen ausgesinn, well si an der 33. Spillminutt duerch de Kaderabek a Féierung gaange sinn. Mat engem 1:0 fir d’Gäscht a mat haardem Gepäifs vun de Supporter goung et an d’Paus.

An och an der 2. Hallschecht koum net vill vun der Heemekipp an d’TSG war déi méi aktiv Ekipp. Ma et blouf awer iwwer laang Strecke bei nëmmen engem Gol Réckstand, esoudatt duerchaus nach ee Lucky Punch vu Gladbach méiglech war - a sou koum et och. An der 72. Minutt huet de Ginter fir den Ausgläich gesuergt.

D’Freed vun de Gladbacher huet net laang ugedauert, well d’Äntwert vun Hoffenheim net laang op sech waarde gelooss huet. Ronn 10 Minutte virun Enn huet nämlech den Amiri deen ale Virsprong erëm hiergestallt - 2:1 fir d’TSG no 80 Minutten.

5 Minutte waren dunn nach ze spillen, wéi den Drmic d’Fohlen erëm an de Match bruecht huet a fir den 2:2 gesuergt huet. Um Enn hu béid Ekippe missen ee Punkt deelen.

Hertha – Stuttgart 3:1

Wa Stuttgart nach vun der Relegatiounsplaz sprange wëll, huet auswäerts bei der Aler Damm an der Haaptstad missen eng Victoire geléngen. Ma d’Gäscht sinn awer mat vill Pech an d’Partie gestart, wéi si een Händs-Eelefmeter net akkordéiert kruten an duerno, kuerz virun der Paus, direkt zwee Goler kasséiert hunn.

An der 40. Spillminutt konnt den Ibisevic op 1:0 setzen an nëmme 5 Minutten drop war et den Duda, dee mat sengem Rietsschoss fir den 2:0 gesuergt huet. Am 2. Duerchgang war Stuttgart du méi aktiv, konnt awer näischt aus dem Ballbesëtz maachen.

Fir den 3:0 huet dunn den “Oldie” Kalou an der 67. Spillminutt gesuergt an domat war de Match entscheet. Stuttgart konnt zwar nach an der 70. Minutt duerch de Gomez markéieren, da goung awer net méi duer, fir d’Partie nach ze dréinen.

Wolfsburg – Nürnberg 2:0

Ganz knapp ass de Réckstand vum VfL Wolfsburg op déi europäesch Plazen – géint de Club vun Nürnberg wollt een also ee weidere Schrëtt a Richtung Europa League maachen. Ma d’Auswäertsekipp konnt awer de leschte Spilldag géint Bayern ee Punkt erkämpfen a Confiance tanken, deemno stoung fir d’Wölfe een zolitte Géigner virun der Broscht. De Club huet och an der Ufanksphas eng stabil Leeschtung gewisen, ass awer duerch ee katastrofale Feeler vum Kerk an der Ofwier an engem Gol vum Klaus a Réckstand geroden - 1:0 no 45 Minutten.

Och am 2. Duerchgang war Nürnberg um Drécker an huet op den Ausgläich gedréckt, mee fir ee Gol ass et awer net duergaangen. Ronn 12 Minutte viru Schluss huet den Tisserand dunn den 2:0 markéiert an domat fir d’Entscheedung an dëser Partie gesuergt.

Nürnberg huet et no dëser Defaite weider schwéier, fir de d’Sprong op eng Relegatiounsplaz ze packen.

Schonn e Freideg den Owend hat Mainz den RB Leipzig op Besuch. Dës spektakulärer Partie ass mat 3:3 op en Enn gaangen.

LINK: INTERNATIONALE FUTTBALL: Mainz a Leipzig spille gläich, kee Gewënner am Turin-Derby

Back to Top
CIM LOGO