
Mat just 16 Punkten no 25 Spilldeeg an der zweeter franséischer Liga a 4 Defaiten hannerteneen huet sech den US Orléans vu sengem Trainer Didier Ollé-Nicolle no méi wéi 3 Joer getrennt.
De Vincent Thill ass an de leschte Matcher net méi all ze dacks zum Asaz komm a war oft guer net am Kader. Bis en neien Trainer fonnt ass, iwwerhëllt de Cyrille Carrière den Trainerposte beim Tabelleleschte vun der Ligue 2.
Wéi sech d’Lëtzebuerger Futtballer am Ausland dëse Weekend geschloen hunn, fannt Dir an eisem Artikel vum Weekend.