Zanter ronn 3 Méint ass de Georges Mischo neie Lëtzebuerger Sportsminister. En Dënschdeg huet hie seng Visioun fir déi nächst Joren der Press erkläert. Et goung vill ëm d‘Finanzen, déi weiderhin extrem wichteg wieren, fir de Sport no vir ze bréngen. Een Haaptpunkt ass fir de fréiere Sportsproff awer och de Stellewäert an der Schoul an a puncto Nation Branding hofft een op eng Participatioun vun der Futtball Nationalekipp op der EM an Däitschland.
100 Deeg gëtt een engem Minister Zäit, fir sech lues a lues an Dossieren vu sengem Virgänger eranzeschaffen an och eegen Saachen wëllen unzegoen. De neie Sportminister huet couragéiert Ziler an de nächsten Joren. Eent dovun ass, fir de Sport nees méi selbstverständlech an der Gesellschaft ze verankeren, dat bei Jonk an Al. Et wier och eng Saach vu Mentalitéit fir schonns als Kand a Jugendlechen de Sport als Deel vum Liewen unzegesinn.
Wat mer ganz wichteg ass, an dat hunn ech schonn dacks gesot, et geet net ëmmer nëmmen duer, Etüden ze presentéieren oder d’Problematik unzeschwätzen, et muss ee se och ugoen. An dat kann ee just mat Initiativen, mat Projete maachen, déi natierlech och musse finanzéiert ginn. An dass ee de Leit kloer mécht, wat de Problem ass a wat fir eng Repercussiounen, dass eeben d’Inaktivitéit op eis Gesellschaft huet.
Den Ament si ronn 0,2 Prozent vum Staatsbudget fir de Sport virgesinn. 2023 hat de Georges Mischo, deemools nach als Oppositiounspolitiker, relativ provokativ an der Chamber 2 Prozent gefuerdert. Och wann dat souguer fir dee gréissten Optimist schéngt utopesch ze sinn, steet awer och fest, datt ouni en anstännegen finanzielle Support ee gewësse Stëllstand garantéiert ass.
Mir stäerken d’Réckgrat vum Lëtzebuerger Sport, dat ass, wat ech mer op de Fändel geschriwwen hunn. An da mussen eeben och finanziell Mëttele kommen. Et kann een net ëmmer nëmmen driwwer schwätzen, dass de Sport gutt a gesond ass an och fir d’mental Gesondheet wichteg ass, an dann, wann et ëm d’Bezuelen oder ëm d’Finanze geet, dass een da op eemol seet: ‘Ah, dat do ass awer méi wichteg an dat heiten ass méi wichteg.’ Ech mengen, dass déi nei Regierung dat och verstanen huet, dass ech och mam Finanzminister op enger gudder Linn sinn.
A punkto Nation Branding ass de Sport ee vun den Haaptpilieren. Nieft dem olympesche Summerspiller zu Paräis hofft een och op d’Futtball Nationalekipp, fir kënnen déi éischte Kéier an der Geschicht op der Europameeschterschaft dobäi ze sinn.
Et wier elo wierklech extreem flott, wa se sech kéinte qualifizéieren. Ech weess, dass et ganz, ganz, ganz schwéier an haart gëtt, mee dat wier fir den Nation Branding en absolutte Glécksfall an da kéinte mer wierklech och no baussen eis nach méi presentéieren, als Land, wou 600.000 Awunner huet. An et ginn awer och Beispiller wéi et ka goen. Ech kucken elo just d’Europameeschterschaft am Handball. Do war e Land derbäi, dat sinn d’Färoer Inselen, déi hu 55.000 Awunner an déi haten et fäerdeg bruecht, 5000 vun hire Leit an d’Hal ze bréngen, fir d’Ekipp ënnerstëtzen ze goen.
Ob de Wonsch mat der FLF-Formatioun an Erfëllung geet, wësse mir spéitstens den 26. Mäerz no der eventueller Nations League Finale am Stade de Luxembourg.
