
D’Entscheedung wier gefall: den FC Bayern München huet e Sonndeg den Owend den Trainer Niko Kovac entlooss. Dat huet de Veräin e Sonndeg den Owend offiziell bestätegt.
D’Resultater an de leschte Matcher vum FCB waren net esou, wéi ee sech dat virgestallt hat. Den Déifpunkt war e Samschdeg um 10. Spilldag vun der Bundesliga bei der 1:5-Néierlag vun de Bayern zu Frankfurt.
Als Interimstrainer spréngt den Hansi Flick an. Den Däitsche war bis elo Co-Trainer.