AS RoumOut fir den Trainer José Mourinho, Daniele de Rossi iwwerhëlt

RTL Lëtzebuerg
D'Roma huet sech vu sengem Trainer no zwee an engem hallwe Joer getrennt, dat huet de Veräin aus der italieenescher Haaptstad matgedeelt.

De Mourinho stoung d’lescht Saison mat Roum an der Finall vun der Europa League an hat 2022 d’Conference League gewonnen. Dës Saison leeft et awer net wéi gewënscht an d’Roma steet just op Plaz 9 an der Serie A.

Den Daniele de Rossi iwwerhëlt de Poste vum Trainer. Hien ass eng vun de groussen Ikone vum Club an huet a senger Karriär iwwer 600 Matcher fir d’Roma gespillt.

Back to Top
CIM LOGO