
Bei den Tyotec Open zu Péiteng war et en Dënschdeg den Out fir d’Marie Weckerle. Déi jonk Lëtzebuergerin huet sech an de 1/16-Finalle kloer missen an 2 Sätz géint d’Diana Marcinkevica geschloe ginn.
E Mëttwoch sinn d’Mandy Minella an d’Eleonora Molinaro beim ITF-Tournoi am Asaz. D’Minella kritt et mam Elsa Jacquemot aus Frankräich ze dinn an d’Molinaro muss géint d’Lucie Nguyen Tan och aus Frankräich untrieden.