
An England ass Manchester United e Freideg den Owend an de 1/16-Finalle vum FA Cup eliminéiert ginn. Am Eelefmeterschéissen huet ee sech misse Middlesbrough aus der zweeter Liga geschloe ginn. Den Elanga huet de 16. Eelefmeter verschoss.
No 90 Minutten an no der Verlängerung stoung et 1:1. ManUnited war duerch de Sancho (25') a Féierung gaangen an de Crooks (64') hat no der Paus ausgeglach.
Hertha BSC huet am Bundesliga-Ofstigskampf den erhoffte Befreiungsschlag verpasst. D’Berliner hu sech e Freideg den Owend fir den Optakt vum 21. Spilldag géint den Opsteiger VfL Bochum misse mat engem enttäuschenden 1:1 (1:0) zefridde ginn a stiechen no fënnef Matcher noeneen ouni Victoire weider an der Kris.
De Stiermer Belfodil (23.) hat d’Hertha an der éischter Hallschent mat 1:0 a Féierung bruecht. Déi laang harmlos Bochumer hunn an den zweete 45 Minutten een anert Gesiicht gewisen an hunn duerch de Polter (48.) kuerz no der Paus op 1:1 gesat. De Berliner Golkipp Schwolow huet beim Gol net gutt ausgesinn. Duerch de Remis behaapt de VfL an der Tabell déi zwee Punkten Avance op d’Hertha.
An der Ligue 1 huet Marseille kloer mat 5:2 géint Angers gewonnen. Mann vum Match war de Milik. Hien huet direkt dräi Goler (18., 70., 78.) fir d’Lokalekipp geschoss. Duerch dës Victoire steet Marseille an der provisorescher Tabell op der 2. Plaz.
Klickt hei, fir op d’Resultater vum internationale Futtball ze kommen.