
Preußen Münster hat nom DFB-Pokal-Match géint Wolfsburg Recours géint d’Wäertung vun der Partie virum Sportsgeriicht vum Däitsche Futtballverband ageluecht. Dat well de Veräin aus der Bundesliga an der Verlängerung ee sechste Spiller agewiesselt hat, wat géint d’Reegele vum DFB verstouss huet. De Regionalligist krut elo Recht, esou datt een an der 2. Ronn steet an de VfL eliminéiert ass.
Wolfsburg huet en Dënschdeg géint d’Decisioun Appell gemaach.