
AFC
Trotz enger 17:10-Néierlag géint d’Steelers hunn d’Ravens, déi ënner anerem hire Starquarterback an dëser Partie geschount hunn, sech déi éischte Plaz an der AFC geséchert. D’Steelers konnte sech duerch dës wichteg Victoire iwwregens als Siwent a lescht eng Playoffsplaz an dëser Konferenz sécheren.
D’Bills hu sech mat enger 21:14-Victoire bei den Dolphins déi éischte Plaz an der AFC East an domadder och déi zweete Plaz an der Konferenz geholl. D’Dolphins ginn als Zweet an der AFC East als Sechst an d’Playoffs. D’Chiefs wannen d’AFC West a qualifizéiere sech als Drëtt fir d’Playoffs. D’AFS South an domat déi véierte Plaz an de Playoffs geet un d’Texans. D’Browns, als Zweet an der AFC Nord hannert de Ravens a virun de Steelers, hunn déi fënnefte Plaz an de Playoffs.
Domadder ergi sech dës Partië fir d’Wild-Card-Round vun de Playoffs: D’Ravens hunn als Éischt spillfräi a kënne sech ukucken, wéi déi aner Ekippe spillen. D’Bills treffen dann doheem op d’Steelers, d’Chiefs kréien d’Dolphins op Besuch an d’Browns mussen op Houston bei d’Texans reesen.
NFC
Beschten Ekipp an der NFC sinn d’49ers, déi och déi éischte Plaz an der NFC West geholl hunn, dat trotz enger ganz knapper 20:21-Néierlag géint d’Rams, déi als zweet aus der NFC West sech déi sechste Plaz vun de Playoffs geséchert hunn.
Als Éischte vun der NFC East séchere sech d’Cowboys déi zweete Plaz an de Playoffs, nodeems si kloer mat 38:10 zu Washington gewonnen hunn. Zweet an der NFC East ginn d’Eagles, déi domadder als fënneft an d’Playoffs kommen.
D’Lions stounge schonn als Gewënner vun der NFC North virum Spilldag sécher an de Playoffs, wou si elo déi drëtte Plaz beleeën. D’Packers aus der selwechter Divisioun séchere sech als leschten Ekipp eng Playoff-Plaz, dat no der Victoire bei de Bears. Spannend war et an der NFC South, wou nach d’Bucs, d’Saints an d’Falcons ëm eng eenzeg Plaz gekämpft hunn. Matduerch d'9:0-Victoire vun de Buccaneers bei de Panthers huet sech d’Ekipp aus Tampa den Titel an der NFC South an déi véiert Plaz an de Playoffs geholl.
Wéi och an der AFC huet déi beschten NFC-Ekipp an der Wild-Card-Round fräi. D’Cowboys treffen dann doheem op d’Packers, d’Rams reesen op Detroit bei d’Lions an d’Bucs treffen zu Tampa op d’Eagles.
D’Resultater am Iwwerbléck
Steelers - Ravens 17:10
Texans - Colts 23:19
Buccaneers - Panthers 9:0
Browns - Bengals 14:31
Vikings - Lions 20:30
Jets - Patriots 17:3
Falcons - Saints 17:48
Jaguars - Titans 20:28
Seahawks - Cardinals 21:20
Bears - Packers 9:17
Chiefs - Chargers 13:12
Broncos - Raiders 14:27
Eagles - Giants 10:27
Rams - 49ers 21:20
Cowboys - Commanders 38:10
Bills - Dolphins 21:14