Am OpschwongPadel: eng Sportaart, déi ëmmer méi populär gëtt

RTL Lëtzebuerg
De Weekend stoung déi zweet Editioun vun de Lëtzebuerger Meeschterschaften am Padel um Programm.
Padel: eng Sportaart, déi ëmmer méi populär gëtt
De Resumé vun de Finallen am Lëtzebuerger Padel-Championnat.

Zanter dem 22. September hu sech 110 Participanten an enger Gruppephas gemooss an hu versicht, sech fir d’Finallen ze qualifizéieren. Dës goufen de Weekend vum 30. September an 1. Oktober zu Bouneweg a verschiddene Kategorien ausgespillt.

Padel ass eng Sportaart, déi zanter Joren a Spuenien an Argentinien ganz beléift ass a sech och hei zu Lëtzebuerg als eng Trendsportaart entwéckelt huet. Dëse Succès bréngt mat sech, dass et hei zu Lëtzebuerg un Terraine feelt. Den Tennissport, op deem sengem Terrain Padel gespillt gëtt, versicht vun dësem Erfolleg ze profitéieren.

Déi grouss Gewënner an de verschidde Kategorië sinn d’Koppel Reiff/Thoma an der Kategorie 100, Boulenouar/Raya an der Kategorie 200/300 a Carrière/Eicher an der Kategorie 400/500.

Back to Top
CIM LOGO