European GamesPadel virun enger historescher Kuliss

RTL Lëtzebuerg
E puer Deeg virun der Erëffnungsfeier vun de European Games zu Krakau woussten net vill Leit Bescheed iwwert dës Spiller.
© Bern Thill

Spéitstens wéi d’Kompetitiounen am Padel op där gréisster mëttelalterlecher an eng vun deenen attraktiivste Plazen an Europa ugefaangen hunn, hunn d’Awunner an d’Touristen Interessi gewisen.

Deene meeschte war dës Sportaart onbekannt. Si ass 1969 a Mexiko entstanen an huet sech an Europa als Trendsportaart entwéckelt. D’Tribüne goufe séier gefëllt, d’Entrée war fräi an d’Leit, déi keng Plaz méi kruten, konnte sech d’Matcher op den Ecranen ukucken.

De Pedal ass eng Mëschung tëschent enger Variant vum klasseschen Tennis an e puer Elementer aus dem Squash. D’Wänn ronderëm d’Spillfeld kënne mat an d’Spill integréiert ginn. Nieft dem Padel ginn och d’Kompetitiounen am Teqball, eng Zort Dëschfuttball, op der Maartplaz organiséiert.

Padel op de European Games
.....

Back to Top
CIM LOGO