Premier LeaguePatrick Vieira attackéiert Fan, Police enquêtéiert

RTL Lëtzebuerg
No der 2-3 Defaite géint den FC Everton, huet den Trainer vu Crystal Palace Patrick Vieira een Everton-Fan attackéiert a mam Fouss gerannt.
© AFP/Oli SCARFF

Mat der Victoire um Donneschdegowend huet den FC Everton sech op déi 16. Plaz gerett an domat ee Spilldag viru Schluss vun der Saison den Ofstig verhënnert.

Nodeems de Match ofgepaff gouf, hunn d’Fans vun Everton doropshin den Terrain gestiermt fir ze feieren. Dobäi ass et dunn zum Tëschefall tëschent dem Patrick Vieira an dem Everton-Fan komm. Wéi een op Videoen an de soziale Medie ka gesinn, ass de jonke Mann dem Vieira nogelaf, huet e mat sengem Handy gefilmt a wuel och de Geck mat him gemaach. Doropshin huet den 45 Joer ale Crystal Palace-Trainer a fréiere franséische Futtballnationalspiller de Fan mam Fouss gerannt. Dësen ass dunn op de Buedem gefall.

De Vieira, deen doropshin vum Terrain begleet gouf, huet de Virfall net weider kommentéiert.

Vun der Police gouf an der Tëschenzäit an engem Communiqué matgedeelt, dass eng Enquête opgemaach gouf. Och den englesche Futtballverband huet bekannt ginn, dass de Virfall ënnersicht gëtt.

Mat 45 Punkten, steet Crystal Palace aktuell op der 13. Plaz vun der héchster englescher Divisioun am Futtball.

Back to Top
CIM LOGO