
E Gewënner am Virfeld ze definéieren war schwéier, ma och e puer Sekonne viru Schluss hätt de Match tëscht de 49ers an de Saints kéinten an all Richtung ausgoen. 20 Punkten eleng sinn an den éischte 15 Minutte gefall: 7 op de Compte vu San Francisco an 13 fir New Orleans. Am zweete Quarter waren d'49ers da méi staark a markéieren hei eleng 21 Punkten, 14 hunn d'Saints da bäigesteiert. Esou stoung et 28:27 an der Paus fir d'49ers. Hiren Ecart konnte si an am drëtte Quarter verduebelen a ware 35:33 vir. Et ass also alles op de leschte Quarter ukomm. An hei konnten d'Saints mat engem Touchdown 46:45 a Féierung goen, dat 1 Minutt virum Enn vum Match. Ma an enger Minutt ka vill geschéien. Eng Pass vum Garoppolo op de Kittel iwwer 53 Yards huet d'49ers an eng gutt Ausgangspositioun bruecht an hire Kicker Gould huet mam Schlusspëff e Field Goal markéiert a seng Ekipp nees 48:46 a Féierung bruecht.
E schwéieren Dag haten d'Patriots doheem géint Chiefs. Zwar ware si am éischte Quarter nach 7:3 vir, ma am zweete Véierel vu Match krute si kee Fouss op de Buedem. 17 Punkten hunn d'Chiefs hei gemaach a ganzer 0 zougelooss. Dee Réckstand konnten d'Patriots dunn net méi ophuelen, hinne sinn no der Paus just 9 Punkte gelongen. Déi 3 vun den Chiefs hunn hei keen Ënnerscheed méi gemaach. Esou wannen d'Chiefs 23:16 géint Patriots. Och wann een d'Statistike kuckt hunn d'Chiefs dominéiert, si hate méi Yards, méi Sacks a ware vill méi effektiv um drëtten Down. Diskutéiert dogéint gëtt iwwer 2 Aktiounen, wou d'Arbitteren net a Faveur vun de Patriots entscheet hunn.
D'Seahawks si géint d'Rams einfach net an de Match komm. 3 Punkte konnte si just an den éischten 30 Minutte markéieren, dogéint hu si der 21 zougelooss. Hir Defense war an den zweeten 30 Minutten dogéint däitlech besser, si hunn hei just een Touchdown zougelooss, ma 9 Punkten, déi hir Offense gemaach huet, sinn hei net duergaangen, fir ze gewannen. Esou wannen d'Rams 28:12 géint d'Seahawks. Och an alle Statistike war d'Ekipp aus Los Angeles dominant. Grad opfälleg war, datt Si de Wilson 5 Mol gesackt hunn. D'Defense vun de Seahawks dogéint ass net eng Kéier un de Goff komm, och wann hien 2 Mol de Ball bei de Géigner gehäit huet.
Hätt een de Verlaf vun der Saison gekuckt, hätt ee sech erwaart, datt d'Texans géint d'Broncos wäerte gewannen. Ma dacks kënnt et anescht, wéi ee mengt. D'Defense vun Denver hat eng ideal éischt Hallschent erwëscht, mat grad emol 3 zougeloosse Punkten. Hir Offense huet dann och 31 Punkte gemaach, esou datt si eng komfortabel Féierung an der Paus haten. Den Texans huet dann och eng besser zweet Hallschent, mat 21 Punkten, näischt bruecht, an déi 7 Punkte vun de Broncos ware just e klenge Bonus. Eng ganz staark Leeschtung huet de jonke Quarterback vun de Broncos Drew Lock war gutt. 22 vu 27 Passe koumen un, 3 dovunner an der Endzone a just eng beim Géigner. 309 Yards huet hie mat de Passe gemaach. De Watson dogéint hat just 28 vu 50 Bäll un de Mann bruecht, eng fir en Touchdown an 2 bei de Géigner.
E Bléck op d'Playoffs: An der AFC stinn d'Ravens (11:2) an d'Patriots (10:3) an der Divisonal Round. D'Chiefs (9:4), d'Texans (8:5), d'Bills (9:4) an d'Steelers (8:5) stinn an der Wildcard Round. Nach eng Chance hunn d'Titans (8:5), d'Browns, d'Raiders, d'Colts (all 6:7) an d'Broncos (5:8).
An der NFC hunn aktuell d'49ers (11:2) d'Nues vir an d'Packers hätten et an d'Divisonal Round (10:3) gepackt. Ëm d'Wildcard géife sech d'Saints (10:3), d'Cowboys (6:7), d'Seahwaks (10:3) an d'Vikings (9:4) streiden. Nach eng Chance hunn d'Rams (8:5), d'Bears (7:6) an d'Eagles (5:7).
Cowboys - Bears 24:31
Panthers - Falcons 20:40
Ravens - Bills 24:17
Bengals - Browns 19:27
Broncos - Texans 38:24
Lions - Vikings 7:20
49ers - Saints 48:46
Redskins - Packers 15:20
Dolphins - Jets 21:22
Colts - Buccaneers 35:38
Chargers - Jaguars 45:10
Steelers - Cardinals 23:17
Chiefs - Patriots 23:16
Titans - Raiders 42:21
Seahawks - Rams 12:28
E Méindeg den Owend spillen d'Giants nach géint d'Eagles.