Top 5 an EuropaPatrizia van der Weken gehéiert zu de séierste Fraen an Europa

RTL Lëtzebuerg
Mat engem Chrono vun 11,02 Sekonnen ass d'Patrizia van der Weken am Joer 2023 iwwer d'100 Meter déi fënneftséierst Fra aus Europa.

D’Ewa Swoboda aus Polen ass mat enger Zäit vun 10,94 Sekonne bis elo déi séierst europäesch Athletin dëst Joer gewiescht. Hannendru kommen d’Daryll Neita (10,97) an d’Dina Asher-Smith (10,98) aus Groussbritannien. Déi véiert Plaz ass aktuell fir d’Gina Lückenkemper aus Däitschland mat 11 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO