Neie Lëtzebuerger RekordPatrizia Van der Weken kraazt iwwer 100m un 11-Sekonne-Grenz

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Liichtathleetin war bei engem Meeting zu Dessau an Däitschland iwwer d'Distanz vun 100 Meter am Asaz.
© RTL (Archiv)

D’Patrizia Van der Weken huet sech bei der 25. Editioun vum internationale Liichtathleetik-Meeting “Anhalt2023" zu Dessau iwwer 100 Meter nees a staarker Form gewisen.

Si kënnt an enger Zäit vun 11,02 Sekonnen op déi éischt Plaz an hirem Virlaf, dat virun den Däitschen Chelsea Kadiri an der Tiffany Eidner. Dëse Chrono bedeit een neie Lëtzebuerger Rekord. Hiren ale stoung bei 11,12 Sekonnen. Mam neie Rekord ass déi jonk Lëtzebuergerin ënnert der Norm fir d‘WM bliwwen (11,08 Sekonnen) an och ënnert der Norm fir d‘Olympesch Spiller (11,07), mä den Zäitraum vun enger Qualifikatioun fänkt den 1. Juli un.

An der Finall ass d’Lëtzebuergerin mat enger Zäit vun 11,10 Sekonnen op déi 2. Plaz hannert dem Gina Lückenkemper aus Däitschland gelaf.

Back to Top
CIM LOGO