LiichtathletikPatrizia van der Weken op Plaz 1 bei Meeting zu Rehlingen

RTL Lëtzebuerg
Bei schwierege Wiederkonditiounen huet sech d'Lëtzebuergerin géint staark international Konkurrenz duerchgesat.
Liichtathleetik-Meeting zu Rehlingen an Däitschland
D’Lëtzebuerger Liichtathleete konnte bei schwierege Wiederkonditiounen iwwerzeegen.

E Sonndeg war d’Patrizia van der Weken beim internationale Péngschtturnéier am saarlännesche Rehlingen iwwer 100 Meter am Asaz. An der Qualifikatioun fir d’Finall hat d’Lëtzebuergerin d’Distanz no 11,33 Sekonnen hannert sech bruecht. An der Finall huet déi 25 Joer al Lëtzebuergerin nach eng Kéier hiert Kënnen opblëtze gelooss a sech a quasi der selwechter Zäit (11,31 Sekonnen) géint d’Delphine Nkansa aus der Belsch (11,50) an déi Däitsch Malaika Mihambo (11,60) duerchgesat. Si blouf domat 0,19 Sekonnen iwwer hirem Meetingrekord vun zejoert.

D’Charline Mathias war iwwer 800 Meter un den Depart gaangen an ass déi véiertséierst Zäit gelaf. D’Lëtzebuergerin hat d’Streck no 2:01,31 hannert sech bruecht a war domat just 0,23 Sekonne méi lues wéi d’Gewënnerin aus Däitschland, d’Majtie Kolberg (2:01,08). Zweet gouf d’Brittin Alexandra Bell (2:01,12) virun der Schwäizerin Valentina Rosamilia (2:01,29).

De Ruben Querinjean ass iwwer 3000 Meter Steeple en neie Landesrekord gelaf. Den 23 Joer ale Lëtzebuerger huet sech an enger Zäit vun 8:25,81 op der 7. Plaz klasséiert a blouf domat esou just iwwer der EM-Norm.

Iwwer 1500 Meter koum de Vivien Henz an enger Zäit vun 3:41,48 op déi 15. Plaz.

An der Jugendkategorie iwwer 800 Meter huet d’Maxine Libens-Thein, dat fir den LC Rehlingen ugetruede war, op sech opmierksam gemaach. Déi 12 Joer als Lëtzebuergerin ass an enger Zäit vun 2:26,83 op déi sechst Plaz gelaf.

Back to Top
CIM LOGO