
Um Enn vum drëtten Dag vun der Liichtathletik-Team-EM huet d’Lëtzebuerger Delegatioun 198 Punkten um Konto a steet an der 2. Divisioun op der zweetleschter Plaz.
En Donneschdeg waren d’Noémie Pleimling an de Max Wagner (Speerwerfen), d’Mia Bourscheid an de Charel Gaspar (Héichsprong), d’Patrizia Van der Weken an den David Wallig (200 Meter), de Bob Bertemes (Bommstoussen), d’Soraya De Sousa Moreira (Wäitsprong), d’Jenny Gloden (3000 Meter Steeplechase), d’Vera Hoffmann (1500 Meter), de Bob Bertemes (5.000 Meter) an d'4x400 Meter Mixed-Staffel am Asaz.
Um Enn gouf et zwee Lëtzebuerger Rekorder. Dat fir d'4x400 Meter Staffel mam Olivier Juncker, dem Fanny Arendt, dem Philippe Hilger an dem Charline Mathias. An dann huet och nach d’Patrizia Van der Weken den nationale Rekord iwwer 200 Meter ëm ganzer 75 Honnertstel verbessert an huet Lëtzebuerg mat hirer 2. Plaz 15 Punkte geséchert.
Eng nei perséinlech Beschtleeschtung gouf et fir d’Jenny Gloden iwwer 3000 Meter Steeplechase. 4 Punkte gouf et dofir. 12 Punkten huet de Bob Bertemes am Bommstoussen gesammelt. Hien ass mat 19,42 Meter awer net iwwert 20 Meter erauskomm. Eng nei perséinlech Beschtleeschtung ass de Bob Bertemes iwwer 5.000 Meter gelaf an huet dofir 10 Punkte kritt. Eng staark zweet Plaz a 15 Punkte gouf et dann nach fir d’Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter.