Drëtt Hallschent, de Sport-TalkPaul Philipp

Jeff Kettenmeyer
Dës Woch ass de Paul Philipp Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
© RTL

Mam FLF-President geet et ëm déi zwee Lännermatcher an Island an heiheem géint d’Slowakei an déi eemoleg Chance, sech vläicht kënne fir eng EM ze qualifizéieren.

Hien huet dem Jeff Kettenmeyer awer och erzielt, wéi déif déi 0:9-Néierlag a Portugal nach ëmmer bei him sëtzt.

Mam Paul Philipp geet et och drëms, datt de Gerson Rodrigues an den Oli Thill nees zeréck am Nationalkader sinn a wéi de Stellewäert vun der FLF-Formatioun am Ausland geännert huet.

Den RTL-Champions-League-Expert schwätzt donieft iwwer d’WM 2030 op 3 Kontinenter a wéi de Futtball sech iwwert Joerzéngte vum Konstrukt hier verännert huet.

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play.

Dës Woch ass de Paul Philipp Invité am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.

Back to Top
CIM LOGO