Nationale FuttballPedro Resende gëtt Trainer beim FC Déifferdeng 03

RTL Lëtzebuerg
Aus dem nationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt den FC Déifferdeng 03 mam Pedro Resende een neien Trainer huet.

Dat huet den Veräin e Méinden den Owend op enger Pressekonferenz matgedeelt. De 46 Joer ale Portugis war schonn emol Trainer beim Déifferdenger Fusiounsveräin, dëst an der Saison 21/22 an och fir déi éischten 9 Matcher vun der Saison 22/23, éier hien no 9 Spilldeeg mat 11 Punkten de Stull virun d’Dier gesat krut.

Déi Veräinsresponsabel hunn also Vertrauen an deen neien/alen Trainer erëmfonnt. De Pedro Resende huet fir 1 Joer beim Fusiounsveräin ënnerschriwwen, mat enger Optioun op een zweet Joer.

Neien Trainer fir den FC Déifferdeng 03/Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO