
Um Sonndeg de Mëtteg war et d’Suite vum 12. Spilldag an der BGL Ligue. Schonns um Samschdeg hat de Progrès 5:2 géint de FC Millebach gewonnen.
0:1 Soladio (17'), 0:2 Soladio (46'), 1:2 Klica (51'), 1:3 Mokrani (79'), 1:4 Mokrani (81')
Virum Match hu Spiller a d’Spectateuren mat enger Gedenkminutt un d’Jeunesser Legend René Hoffmann geduecht.
Den Tabelleleader vu Péiteng huet an den éischte Minutte vill iwwer bausse probéiert, ma ouni grouss geféierlech ze ginn. An den Ufanksminutten hu sech béid Ekippe méi ugekuckt an ofgetaascht. An der 17. Minutt huet den Titus dunn duerch de Soladio zougeschloen. Kuerz drop sinn déi Péitenger erëm geféierlech virum Gol vun der Jeunesse opgetaucht, ma den Teixeira huet de Ball widder d’Lat gesat. Péiteng war an der 1. Hallschent vill méi sprëtzeg, huet all Zweekampf gewonnen, stoung an der Defense besser, sou dass den 1:0-Avantage no 45 Minutte méi wéi verdéngt war.
An der 46. Minutt huet de Soladio no Zouspill vum Abreu op 2:0 fir d’Visiteuren erhéicht. 5 Minutte méi spéit war et dunn un der Lokalekipp déi de Ball an de Filet gesat hunn. De Klica huet no Zouspill vum Todorovic op 1:2 verkierzt. D’Jeunesse huet am Verlaf vun der 2. Hallschent eng ganz aner Kierpersprooch op den Terrain geluecht. D’Golchancë waren do, ma den 2:2 ass aus der Siicht vun der Jeunesse net méi gefall. Péiteng huet an der Schlussphas den Tempo nach emol ugezunn, a sou huet de Mokrani mat 2 Goler an der 79. an an der 81. fir d’Entscheedung gesuergt. Péiteng wënnt mat 4:1 géint d’Jeunesse. D’Kris bei der Jeunesse gëtt ëmmer méi grouss. Et dierft ee gespaant sinn, wéi déi Responsabel op dës weider Defaite wäerte reagéieren.
D’Union Titus Péiteng ass duerch dës Victoire Hierschtmeeschter. Si leien an der Tabell 4 Punkte virun Nidderkuer.
0:1 Bidon (19'), 0:2 Holtz (70'), 0:3 Kadrija (76')
Vun der Lokalekipp war bis op e Schoss vum Mabella net vill ze gesinn. D’Etzella war déi besser Ekipp a konnt sech dunn an der 19. Minutt duerch de Bidon belounen. De Schoss aus ronn 16 Meter war onhaltbar fir de Ruffier. De Racing ass nom Réckstand dunn awer besser an de Match komm an d’Stater haten duerch de Mabella zwou méi geféierlech Aktiounen. De Racing war bis d’Paus weider beméit, ma et sollt virun der Paus net méi zum Ausgläich kommen.
Béid Ekippe waren nom Téi engagéiert, ma et huet awer um néidegen Duerchsetzungsverméigen op béide Säite gefeelt. An der 70. Minutten huet den Holtz e Fräistouss wonnerbar iwwert dem Racing seng Mauer gezierkelt an de Ball an de Filet gesat. 2:0 fir Ettelbréck. 6 Minutte méi spéit huet de Kadrija mam 3:0 fir Ettelbréck fir d’Virentscheedung gesuergt. Dëst sollt dann och d’Schlussresultat sinn.
0:1 Lourenco (56'), 1:1 Bettaieb (63'), 2:1 Sinani (65'), 2:2 Delgado (87')
D’Lokalekipp hat an den Ufanksminutte méi Ballbesëtz an hat méi vum Spill. Wierklech vill geschitt ass an deenen éischten 15 Minutte awer net. Béid Formatiounen hu sech ganz schwéier gedoe wat de Spillopbau ubelaangt huet. Déi eng oder aner offensiv Aktioun kruten d’Spectateuren ze gesinn, ma ganz geféierlech Aktiounen waren op béide Säiten net derbäi, sou dass et mat engem 0:0 an d’Hallschent gaangen ass.
D’Visiteure si perfekt an déi 2. Hallschent gestart. No engem Schoss vum Siebenaler huet de Joubert de Ball zum Corner konnte klären. Ma dësen Corner sollt dunn zum 1:0 fir Stroossen féieren, de Lourenco huet de Ball aus
wéinege Meter an de Filet gesat. Bannen 2 Minutten huet den F91 de Match dunn awer gedréint. An der 63 Minutt war et den Bettaieb, deen zum Ausgläich markéiert huet. 2 Minutten méi spéit huet den Sinani d’Féierung markéiert. Diddeleng huet d’Féierung awer net iwwert Zäit bruecht, an sou huet den Delgado dem Joubert an der 87. Minutt keng Chance gelooss. Den 2:2 sollt dann och d’Schlussresultat zu Diddeleng sinn.

0:1 Buch (5'). 1:1 Brandenburger (13'), 1:2 Swistek (16'), 2:2 Lascak (47'), 2:3 Buch (82')
Et huet net laang gedauert éier et fir eng éischte Kéier an engem vun deenen 2 Goler gerabbelt huet. No Pass vum Kalonji war et de Buch deen dem Bürger am Gol vu Rouspert keng Chance gelooss huet. No 5 Minutte stoung et deemno 1:0 fir Déifferdeng. An der 13. Minutt huet d’Lokalekipp duerch de Brandenburger no engem Feeler vum Almeida per Eelefmeter zum Ausgläich markéiert. Ma nëmmen 3 Minutte méi spéit hunn Gäscht vu Déifferdeng erëm fir d’Féierung gesuergt. Alt erëm war e Eelefmeter, deen sech de Swistek net huele gelooss huet. Dono huet sech de Match berouegt a béid Ekippe konnte keng gréisser Chancen méi erausspillen. 1:2 no 45 Minutten.
2 Minutte waren no der Paus gespillt, wou den Arbitter op de Punkt gewisen huet. Eelefmeter fir Rouspert. De Lascak huet sech dës Chance net huele gelooss, an den 2:2-Ausgläich geschoss. An der 82. Minutt war et de Buch dee säin 2. Gol geschoss huet an esou de Score fir Déifferdeng op 2:3 gesat huet.

1:0 Ramdedovic (60'), 1:1 Mohammed (62')
An der 15. Spillminutt hat d’Lokalekipp duerch de Soares eng ganz grouss Chance de Score op 1:0 ze setzen. Ma de Soares huet et fäerdeg bruecht de Ball 5 Meter virum Munnerefer Gol iwwert de Gol ze schéissen. Déi 150 Spectateuren hunn an deenen éischte 45 Minutten eng ganz ëmkämpfte Partie am Stade Jos Phillipart gesinn, bei deenen déi Rodanger an der 39. Minutt eng zweet grouss Chance zur Féierung net genotzt hunn. De Makosso ass eleng op Özcan zougelaf, ma schéisst de Ball an dem Golkipp seng Hänn. Ouni Gol ass et an d’Paus gaangen.
D’Heemekipp huet an der 60. Minutt duerch den Ramdedovic den 1:0 geschoss. De Golkipp vu Munneref steet vill ze wéit virum Gol, sou dass de Schoss vum Ramdedovic aus 40 Meter an de Filet geet. 2 Minutten méi spéit huet dunn awer den Mohammed fir d’Visiteuren den 1:1 konnte schéissen, wat och gläichzäiteg de Schlussscore sollt sinn.
1:0 Stumpf (60'), 1:1 Seydi (79')
Obwuel et an der Paus 0:0 stoung, hunn d’Spectateuren eng ganz interessant 1. Hallschent am Gréngewald gesinn. D’Fola hat Schwieregkeete géint eng aggressiv a kompakt Hueschterter Defense. Mat der Zäit ass Fola awer besser an de Match komm. De Bensi hat d’Chance den 1:0 ze schéissen, ma de Pleimling konnt de Ball ofwieren.
An der 60. Minutt huet de Stumpf du fir seng Faarwe markéiert. Hueschtert hat de Match dono am Grëff an huet sou gutt wéi näischt méi zougelooss. Ma an der 79. Minutt huet d’Fola aus dem Näischt den 1:1 duerch den Seydi geschoss. Béid Ekippen hunn alles versicht, ma ausser engem Schoss op d’Lat fir d’Fola sollt net méi eraussprangen, sou dass sech béid Ekippe mam 1:1 mussen zefridde ginn.
