BGL LigueNidderkuer klappt d'Millebaach mat 5:2

RTL Lëtzebuerg
Net manner ewéi siwe Goler kruten d'Supporter zu Nidderkuer ze gesinn. Um Enn war d'Lokalekipp méi effizient.
© Val Wagner

Fir den Optakt vum 12. Spilldag am nationale Futtball-Championnat koum et zu Nidderkuer zum Match tëscht der Lokalekipp vum Progrès an de Blue Boys aus der Millebaach.

Nodeems sech an den éischte Minutte keng Ekipp eng gréisser Geleeënheet erausspille konnt, war et d’Heemekipp, déi direkt hir éischt Chance äiskal notze konnt. An der 16. Spillminutt war et de Shala, deen de Ball op den Almeida geleet hat. Dësen hat du kee Problem méi, fir de Ball iwwert d’Linn ze drécken, a seng Faarwe soumat a Féierung ze bréngen.
D’Gäscht aus der Millebaach hate sech awer net geschockt gewisen a ware beméit, op de Réckstand ze reagéieren.
Si haten och zwou gutt Geleeënheeten, ma um Enn hat hei déi néideg Reussite gefeelt. An der 33. Minutt hunn déi Nidderkuerer et da besser gemaach. No enger Flank vum de Almeida war et den Tekiela, deen den Almeida am Millebaacher Gol iwwerrasche konnt, an de Ball iwwert dëse gespillt hat.
Nëmmen dräi Minutte méi spéit war dem Erragui dann awer den Uschloss gelongen, dëst duerch een direkte Fräistouss.

Nom Säitewiessel war et dësen Erragui, deen de Ball an der 47. Minutt onglécklech an den eegene Gol deviéiert hat. Fir d’Virentscheedung konnt duerno de Shala suergen, deen an der 67. Minutt op 4:1 stelle konnt. De Bop konnt tëschenzäitlech nach op 2:4 verkierzen, ma um Enn war et de Muratovic, dee fir de 5:2-Schlusspunkt gesuergt hat.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Den Iwwerbléck vun der Éierepromotioun

Back to Top
CIM LOGO