Op engem Spilldag mat ville Goler an enke Matcher hunn ënner anerem Hesper, Diddeleng an de Racing Punkte leie gelooss.
Zu Péiteng kann d’Lokalekipp sech mat 2:0 géint Hesper duerchsetzen. D’Spectateuren hunn eng ëmkämpft Partie gesinn, an där de Sarr d’Haushären no engem Fräistouss no enger knapper hallwer Stonn a Féierung bruecht huet. An der zweeter Hallschent ass Hesper du méi dominant ginn a wosst och eppes mam ville Ballbesëtz unzefänken. Ma géint eng disziplinéiert Péitenger Defense hunn d’Gäscht de Ball bis zum Schluss net konnten am Gol ënnerbréngen. An der Nospillzäit huet den Abreu dunn den Deckel dropgemaach, sou dass de Swift déi éischt Néierlag vun der Saison astieche muss.
De Racing muss sech doheem mat 1:3 géint Déifferdeng geschloe ginn. D’Lokalekipp ass net gutt an de Match komm, wat déi Déifferdenger duerch zwee Goler bannent 5 Minutte bestrooft hunn. Am zweeten Duerchgang war de Racing du wéi ausgewiesselt a konnt duerch de Buch den Uschlossgol markéieren. No der rouder Kaart fir den Ikene ass et nach méi schwéier gi fir de Racing, fir nach ee Punkt matzehuelen. An der Nospillzäit huet de Costa Monteiro mam 1:3 schliisslech fir d’Decisioun gesuergt, woumat Déifferdeng och d’Tabelleféierung iwwerhëlt.
Iwwerdeems gewënnt d’Fola een animéierte Match mat 3:2 géint Diddeleng. Dem Lahrach seng fréie Féierung konnt duerch den Ouassiero egaliséiert ginn, well den F91 no der Paus besser aus de Kabinne komm ass. Kuerz drop war et de Lienafa, deen no engem Corner nees op 2:1 gestallt huet, éier de Lahrach mat engem Distanzschoss nach een dropgesat huet. Dem Schaus säi Gol koum dunn ze spéit, sou dass och den F91 bei 3 Punkten an der Tabell bleift.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Péiteng - Hesper 2:0Stroossen - Käerjeng 2:1
1:0 Perez (26'), 1:1 Lopes (33'), 2:1 Azong (43', Eelefmeter)
Monnerech - Munneref 3:2
1:0 Delgado (33'), 1:1 Simon (39'), 2:1 Fleury (50'), 3:1 Dionisio (76'), 3:2 Kumbi (78')
Racing - Déifferdeng 1:3
0:1 de Castro (15'), 0:2 Pruzzo (20'), 1:2 Buch (63'), 1:3 Costa Monteiro (90+4')
Fola - Diddeleng 3:2
1:0 Lahrach (14'), 1:1 Ouassiero (55'), 2:1 Lienafa (62'), 3:1 Lahrach (77'), 3:2 Schaus (89')
Wolz - Jeunesse 0:1
0:1 Mogni (46')
Rouspert - Schëffleng 1:2
0:1 Macalli (7'), 1:1 Redekop (64'), 1:2 Herr (84')
Nidderkuer - Miersch 4:3
0:1 Dadashev (3'), 1:1 Guett Guett (6'), 2:1 Mazure (36'), 3:1 Jarmouni (80'), 3:2 Meyong (83'), 4:2 De Almeida (90'), 4:3 Gomes (90+3')
D‘Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)