Coupe am FuttballPéiteng, Racing a Fola weider, Diddeleng klappt Nidderkuer no Verlängerung

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goufen d'Véierelsfinallen an der Coupe de Luxembourg gespillt
Diddeleng klappt Nidderkuer no Verlängerung
Keng Goler an den éischte 45 Minutten, dat awer an enger animéierter Partie, wou Nidderkuer wuel méi Ballbesëtz hat, mä Diddeleng déi besser Chancen.

Hären

Progrès Nidderkuer - F91 Diddeleng 0:2
0:1 Bettaieb (95'), 0:2 Da Cruz (120')

Keng Goler an den éischte 45 Minutten, dat awer an enger animéierter Partie, wou Nidderkuer wuel méi Ballbesëtz hat, mä Diddeleng déi besser Chancen. Nom Säitewiessel hat Diddeleng méi Chancen, ma si konnten dës einfach net notzen. Esou konnt keng Ekipp sech an den 90 Minutten duerchsetzen an et ass an d’Verlängerung gaangen. E grousse Bemol awer fir Nidderkuer, well an der 94. Minutt huet de Ba seng zweet giel Kaart wéinst engem taktesche Feeler gesinn an huet dowéinst missten Dusche goen. D’Verlängerung spillt d’Heemekipp also an Ënnerzuel.

An dat huet Diddeleng ausgenotzt. No 5 Minutten huet de Stumpf de Battaieb an d’Déift geschéckt, deen no engem Crochet dem Golkipp keng Chance gelooss huet. Kuerz drop huet hien awer misste ausgewiesselt ginn, well nom Gol ass de Butteur um Buedem leie bliwwen. Laang sollte keng Goler méi falen ma quasi mam Ofpëff huet den da Cruz de Sak zougemaach an den 2:0 fir Diddeleng geschoss.

Union Titus Péiteng - Etzella Ettelbréck 2:0
1:0 Jeck (90'+2), 2:0 Goncalves Mateus (90'+4)

© Usch Thommes

An den éischte 45 Minutte gouf et wéineg Héichpunkter, Ettelbréck stoung an der Defense gutt an huet et mat laange Bäll probéiert, Péiteng dogéint ass ëmmer nees hänke bliwwen. Och wéineg Héichpunkter gouf et nom Säitewiessel. Woubäi déi Ettelbrécker zanter der 80. Minutt mat engem Mann manner musse spillen, well den Nwanne als leschte Mann e Spiller ëmgeluecht hat a mat Giel-Rout vum Terrain gesat gouf. Dëse Fräistouss war dann och déi bis dohi beschte Chance fir Péiteng, ma de Ball ass knapp laanscht de Potto gaangen. Besser huet et de Jeck dunn an der 92. Minutt gemaach an eng gutt Flank vum Kobyliansky genotzt, fir den spéiden 1:0 ze markéieren. D’Iwwerzuel ass de Péitenger gutt komm, well 2 Minutte méi spéit huet de Mateus mat sengem Gol fir d’Entscheedung gesuergt.

U.N. Käerjeng - Fola Esch 0:4
0:1 Mura (38', sg), 0:2 Jacquel (51'), 0:3 Mura (65',sg), 0:4 Mustafic (70')

© Bob Leven

Käerjeng war doheem den Aussesäiter géint déi Escher, déi ëmmerhin eng Divisioun méi héich spillen. Eng gutt Halleffstonn huet d’Heemekipp gutt dogéint gehalen an der Fola net vill Chancen erméiglecht. An awer ass den 1:0 fir déi Escher gefall no 28 Minutten, datt awer ganz onglécklech. De Biagui wollt eng Flank klären an huet dobäi säi Matspiller Mura ugeschoss. De Ball gouf esou deviéiert, datt de Scheidweiler am Gol vun de Käerjenger keng Chance hat. Esou geet et mat engem glécklechen 1:0-Avantage fir d’Favoritten an d’Paus.

No der Paus ass de Knuet du bei den Escher geplatzt. De Jacquel huet op 2:0 erhéicht, den ongléckleche Mura huet säin zweete perséinleche Selbstgol markéiert, andeem hien e Schoss vum Mustafic onglécklech an de Gol gelénkt huet. De Mustafic selwer konnt 5 Minutte méi spéit da säin eegene Gol zum 4:0 feieren. Et sollt dann net den Owend vum Mura sinn, well kuerz nom 0:4 krut hie seng zweet giel Kaart a gouf vum Terrain gestallt. D’Fola hat dono och nach Chancen, ma war net effektiv genuch. Esou wanne si zum Schluss verdéngt mat 4:0 zu Käerjeng.

FC Schëffleng - Racing Union Lëtzebuerg 0:3
0:1 Rossi (53'), 0:2 Tinelli (57'), 0:3 Mabella (61')

© Christophe Mersch

De Racing huet däitlech méi fir de Match gemaach an hat och Chancen, ma an den éischte 45 Minutten huet einfach d’Prezisioun gefeelt. Mat engem fir d’Heemekipp glécklechen 0:0 goung et an d’Paus. Ma kuerz nom Säitewiessel huet de Rossi d’Favoritten erléist a no enger Flank den 1:0 fir de Racing markéiert. De Knuet war geplatzt a véier Minutte méi spéit huet den Tinelli aus der Distanz op 2:0 erhéicht. Déi Schëfflenger waren no den zwee séiere Goler veronséchert, wat den Mabella ausgenotzt huet, fir d’Defense auszedanzen an op 3:0 z’erhéijen. Schëffleng hat an der 72. Minutt d’Chance, fir vum Punkt den Uschlossgol ze markéieren, ma den Ruffier am Gol vum Racing hat den Agovic ausgekuckt an huet de Schoss paréiert. Et sollt da bei dësem 3:0 fir d’Favoritte bleiwen, déi dëse Match an 8 Minutten decidéiere konnten.

Dammen

Entente Itzeg/Cebra - Young Girls Dikrech 1:0
1:0 Clerc Vieira (77',p)

Laang ass kee Gol an dësem Match gefall, bis d’Aurélie Clerc Vieira an der 77. Minutt d’Entente a Féierung bruecht huet, dat nodeem d’Ekipp en Eelefmeter vum Arbitter zougestane krut. E weidere Gol sollt an dëser Partie net falen.

Back to Top
CIM LOGO