
Méi wéi 230.000 Mënsche sinn defiléiert, fir sech nach eng Kéier virun hirem Futtballkinnek ze vernäipen. Dorënner och den neie brasilianesche President Lula da Silva.
Eng Stonn, ier de Sarg vum Pelé zougemaach ginn ass, ass de Lula da Silva mat engem Helikopter ageflu ginn. Hien huet der Fra vum Pelé kondoléiert an ass dunn nach fir eng kuerz reliéis Zeremonie bliwwen.
No där gouf déi schwaarz Lued aus dem Stadion erausbruecht, de brasilianesche Fändel an dee vum FC Santos koumen drop. Dat ass dee Veräin, wou de Pelé vun 1956 bis 1974 gespillt huet.
Op engem Pompjeesauto gouf d’Lued an engem Cortège dohinner bruecht, wou de gréisste Fussballspiller vun allen Zäite seng leschte Rou fënnt. Iwwerall laanscht d’Stroosse stounge Leit an hunn applaudéiert.
D’Brasilianer wollten hire Futtballkinnek op deem leschte Wee begleeden. De Cortège ass dobäi och laanscht d’Haus vum Pelé senger Mamm gaangen, déi am November 100 Joer kritt huet an hirer Famill no net realiséiert huet, datt hire Fils gestuerwen ass.
Begruewe gouf de Pelé am enke Familljekrees um héchste Kierfecht vun der Welt. Engem Mausoleum, dee 14 Stäck héich ass a vu wou aus een op de Stadion vum FC Santos gesäit. Et ass e Gebai, dat 108 Meter héich ass an an deem et eng 18.000 Griewer gëtt. De Pelé gëtt do um 9. Stack bäigesat.
Den dräifache Futtballweltmeeschter war de leschten Donneschden am Alter vun 82 Joer gestuerwen.