Futtball-WM vun den DammenPerfekte Start fir Australien an Neiséiland

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war den Optakt vun der 9. Futtball-Weltmeeschterschaft vun den Dammen an Australien an Neiséiland.
© AFP

An esouwuel d’Dammen aus Australien wéi och Neiséiland haten en Donneschdeg direkt eppes ze feieren. Viru méi wéi 42.000 Spectateuren hunn d’Neiséilännerinnen hiren Optaktmatch mat 1:0 géint Norwegen gewonnen. Den decisive Gol huet d’Hannah Wilkinson an der 48. Minutt geschoss. D’Rekordspillerin vun Neiséiland, d’Ria Percival, hat an der 90. Minutt nach en Eelefmeter verschoss.

Mam nämmlechte Resultat konnt Australien sech am ausverkaaften Accor Stadium zu Sidney géint Irland duerchsetzen. D’Matildas, wéi d’australesch Damme genannt ginn, hunn ouni hir Kapitänin Sam Kerr missen untrieden, déi sech kuerz virum Match blesséiert huet. D’Ersatz-Kapitänin Stephanie Catley huet an der 52. Minutt ganz zur Freed vun den 80.000 Spectateure vum Eelefmeterpunkt aus den eenzege Gol vum Match geschoss.

D’Resultater am Iwwerbléck

Australien - Irland 1:0
1:0 Stephanie Catley per Eelefmeter (52')

Neiséiland - Norwegen 1:0
1:0 Hannah Wilkinson (48')

© AFP

Back to Top
CIM LOGO