
An enger offizieller Stellungnam weist sech Leeds United streng. Rassismus géif beim Veräin net toleréiert ginn, jiddereen, bei deem nogewise gëtt, datt e sech rassistesch geäussert huet, géif liewenslänglech fir all d’Matcher vu Leeds United gespaart ginn.
Och den Teamanager vun Arenal hat nom Match vun engem Virfall geschwat. D’Auswiesselspiller hätten d’Beleidegungen héieren a gemellt. Géint wie genee se geriicht waren, sot de Manager net. De Match war no ronn enger hallwer Stonn kuerz ënnerbrach ginn.
Wéinst Corona konnten nëmmen 4 vun den am ganzen 10 geplangte Partien an England gespillt ginn.
Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vum däitsche Profi-Futtball, datt e Match wéinst Rassismus huet missten ofgebrach ginn. Bei der Partie tëscht Duisburg an Osnabrück huet e Fan de Spiller vun Osnabrück Opoku rassistesch beleidegt. Den Arbitter Nicoals Winter huet de Match dunn no 33 Minutten ofgebrach a béid Ekippen hunn den Terrain verlooss. Kuerz drop koum d’Nouvelle, datt de Match net méi weidergespillt géif et, zu deem Ament stoung et 0:0.