
Hei si 6 Präisser verdeelt ginn: 1 Mol fir de beschte Spiller vun der Saison, 1 Mol fir déi bescht Spillerin vun der Saison, 1 Mol fir de beschten U21-Spiller, 1 Mol fir déi bescht U21-Spillerin, 1 Mol fir de beschten Trainer am Härechampionnat an 1 Mol fir de beschten Trainer am Dammechampionnat.

De Philippe Gutenkauf vun der Ettelbrécker Etzella gouf als beschte Spiller vun der Saison ausgezeechent.
Och nach nominéiert waren:
Thomas Grün (Basket Esch)
Joe Kalmes (T71 Diddeleng)
Bob Melcher (Amicale Steesel)
Olivier Vujakovic (Résidence Walfer)
D’Ehi Etute vum T71 Diddeleng gouf als bescht Spillerin vun der Saison ausgezeechent.
Och nach nominéiert waren:
Mandy Geniets (T71 Diddeleng)
Lisy Hetting (BBC Gréngewald)
Nadia Mossong (T71 Diddeleng)
Esmeralda Skrijelj (Amicale Steesel)
De Max Logelin vun der Sparta Bartreng gouf als beschten U21-Spiller gewielt.
Och nach nominéiert waren:
Mykolas Maindron (Arantia Fiels)
Charel Moes (Conter)
Och an der Kategorie U21 goung de Präis un d’Ehi Etute.
Och nach nominéiert waren:
Kyra Coulon (Basket Esch)
Laetitia Schumacher (Amicale Steesel)
De Christophe Ney vun der Arantia Fiels krut bei den Traineren aus dem Härechampionnat déi meeschte Stëmmen.
Och nach nominéiert waren:
Etienne Louvrier (Amicale Steesel)
Franck Mériguet (Basket Esch)
Bei den Damme geet de Präis un de Jérôme Altmann, deen den T71 Diddeleng trainéiert.
Och nach nominéiert waren:
Fabienne Fuger (Conter)
François Manti (BBC Gréngewald)