
Den 32 Joer ale Mëttelfeldspiller hat bei de Katalanen eigentlech nach e Kontrakt bis 2024, ass awer lo bei Sharjah Cultural SC gewiesselt. De fréiere Schëfflenger krut dës Saison beim FC Barcelona net vill Spillpraxis a gouf vum Sharjah-Trainer Cosmin Olaroiu perséinlech kontaktéiert. Hien ass 2020 fir 60 Millioune vun der Juve bei Barça gewiesselt a koum 30 Mol an den Asaz.
Den Trainer vum FC Barcelona, de Xavi Hernandez, huet dës Nouvelle e Mëttwoch virum Champions-League-Match op enger Pressekonferenz confirméiert.